Déi dann och dacks doheem mussen opgeluede ginn. Wann se all zesummen um Stroum hänken gëtt deen méi deier.
D‘Fondatioun Enovos hat an deem Kader mat 200.000 Euro e Projet finanzéiert, deen den Zenter fir Informatiouns- an Kommunikatiounsfuerschung vun der Uni.lu (SnT) duerchgefouert hat.
Et geet drëms, d‘Oplueden vun den Elektroautoen z‘optimiséieren. Och wann dat nach e laange Wee ass. Net nëmmen wéi hei dobaussen, mä och doheem, ass dat mam Oplueden jo einfach. Soubal de Stecker stécht, fléisst de Stroum.
Maxime Cordy, Chercheur:
„Dat ass net optimal. Wa jiddereen den nämmlechten Ament opluet, hu mir e Peak vun der Demande um Marché. D‘Präisser klammen.“
Dat kann een dach och méi intelligent léisen, hunn d‘Chercheure sech geduecht. Mat enger Borne, déi genee zu deem gënschtegsten Zäitpunkt fir de Konsument ufänkt mat lueden. Wann de Stroumpräis am niddregsten ass. Ma de Stroummarché ass immens volatil.
„Mir kënnen net wäit am Viraus wëssen, wat d‘Energie kaschte wäert. D‘Schwieregkeet besteet deemno doran e System ze schafen, dee sech un d‘Volatilitéit vum Marché upasse kann, fir déi bescht Decisioun ze huelen.“
Wärend den zwee Joer vum Projet INDUCTIVE hunn d‘Wëssenschaftler mat Cliente geschwat an erausfonnt: jo déi Meescht géifen hiren Auto gär nuets oplueden. Anerer och moies oder mëttes an net jidderee muss den Akku all Dag voll maachen. Eng gewëss Flexibilitéit also, mat der System vum Elektresch an de Präis equilibréiert ka ginn.
Fir dem Konsument eng gewëss Kontroll iwwer d‘Oplueden ze loossen, hunn d‘Chercheuren och e Prototyp vun enger App entwéckelt.
Wat ee ka soen, de Projet huet et erlaabt, besser ze verstoen. En éischte Schratt.
„Et ginn nach ganz vill Froen ze léisen. Net nëmme mat eiser Recherche. Och um Niveau vun de Mechanisme vum Marché, déi dat intelligent Oplueden iwwerhaapt erlabe géifen. Och d‘Infrastruktur spillt eng Roll, déi mir an dësem Projet nach net consideréiere konnten. Wann all déi Froe geléist sinn, steet enger idealer Zukunft näischt am Wee.“
Kee Wonner, dass Politik a Energie-Fournisseur de Projet bei der Presentatioun gelueft hunn. Déi nächst Enveloppe vun der Fondatioun geet un en änleche Projet mam Numm „Lët‘z Power“.