
Eppes manner wéi 300 Kilometer Vëlospist ginn aktuell geplangt, 11 Kilometer ginn den Ament gebaut. Dës Zuele liwwert de Mobilitéitsminister a senger Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten. D’Zil, dat am entspriechende Gesetz festgehalen ass, ass et e Reseau vun 1.100 Kilometer Vëlosweeër ze schafen.