Ee Chantier jot deen anerenTunnel Gousselerbierg strapazéiert d'Nerve vun de Chaufferen

Jean-Marc Sturm
Sascha Georges
Diana Hoffmann
Et kënnt engem vir wéi eng Plo. Verschidden Automobilisten hunn esou den Androck, wéi wann op der A7 ee Chantier deen anere jot.
Chantier Gousselerbierg: Et geet ëm d'Sécherheet vun den Automobilisten
Et kënnt engem vir wéi eng Plo. Verschidden Automobilisten hunn esou den Androck, wéi wann op der A7 ee Chantier deen anere jot.

Den Ament ass et um Tunnel Gousselerbierg, deen d’Nerve vun de Chauffere strapazéiert. Zënter 14 Deeg ass den Tube vum Tunnel a Richtung vum Echangeur Luerenzweiler fir den Trafic zougemaach an dat bis den 13. August. De Verkéier geet bidirektional duerch den aneren Tube.

Aarbechten am Tunnel Gousselerbierg - Reportage Jean-Marc Sturm

Mëtt August dann, wann d’Aarbechten a Richtung Luerenzweiler fäerdeg sinn, gëtt de Chantier ëmgebaut an et gëtt am Tube a Richtung Schëndels geschafft, de Verkéier leeft da bidirektional duerch den Tube a Richtung Luerenzweiler. Et gëtt domadder gerechent, datt dee ganze Chantier um Enn vun der grousser Vakanz Mëtt September fäerdeg ass.

D’Vitess gëtt wärend dem Chantier op 50 Kilometer d’Stonn limitéiert an och permanent via Radar kontrolléiert. Hannergrond ass dass d’Kamerae vum CITA am Tunnel mussen ersat ginn. De Christian Ewert vu Ponts et Chaussées: “Mir waren op enger aler Analog-Technik, a wiesselen déi elo op eng méi modern Léisung fir dass mer déi nächst Joren erëm eng Kéier roueg sinn. Do gëtt awer net nëmmen d’Kamera getosch. Mir hunn hei zum Beispill 100 Kameraen déi mir pro Tube tauschen an de ganze Cablage déi ganz Installatiounen hannendru ginn da matgetosch.”

Déi Aarbechten hätten och Kapp a Schwanz. Am Sënn vu méi Sécherheet fir d’Automobiliste setzt een op speziell Kameraen: “Mir hunn Detektiounskameraen am Tunnel. Dat ass fir dass de CITA-Operator direkt matgedeelt krit wann een Auto géif méi lues ginn, stoe bleiwen oder wann een am Géigeverkéier an den Tunnel géif erafueren. Awer och wann een op enger Camionnette eppes géif verléieren oder Foussgänger am Tunnel sinn.....Dat alles erkenne mir automatesch...an da kënnen d’Operatore beim CITA direkt reagéieren, den Tube oder eng Spuer spären an d’Sécherheet vun de Leit garantéieren.”

A Saachen A7 nach dëse Rappell: An der Äntwert op eng parlamentaresch Fro gouf ee gewuer dass d’Streckeradaren, zënter se a Betrib geholl goufen, tëscht dem 15. Mäerz an dem 17. Juli bal 24.200 mol geblëtzt hunn. Rekordverdächteg war ee Chauffer dee mat 221 Kilometer d’Stonn erwëscht gouf. Ronn een Drëttel vun de concernéierte Chauffere ware mat auslännesche Placken ënnerwee.

Back to Top
CIM LOGO