Vun dësem Samschdeg unNach bis de 27. August leeft déi 4. Editioun vum Vëlosummer uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
Den touristesche Vëlosprogramm mécht eng 500 Kilometer fir Cycliste méi einfach accessibel.
© Jeannot Ries

Zum Deel ginn dofir op ausgewielte Weekender och eng Rei Stroosse gespaart. 112 Kilometer si reng fir de Vëlo reservéiert.

D’Zil ass et den Awunner, de Frontalieren an den auslännesche Visiteuren d’Méiglechkeet ze ginn, déi ganz Palette vun der touristescher Offer zu Lëtzebuerg kennenzeléieren.

58 Gemengen, Naturparken an ORTe maache mat, fir hir Regioun ze valoriséieren. Fir déi éischte Kéier ginn och Tier eriwwer an d’Nopeschlänner. Vun den 12 Tier, déi proposéiert ginn, sinn der 4 dëst Joer nei.

All d’Informatiounen iwwert de Vëlosummer 2023

Back to Top
CIM LOGO