Nieft dem Ausbau vun der Diddelenger Autobunn gëtt un enger neier CFL-Streck geschafft. Déi nei Linn wäert vun der Stater Gare bis op Beetebuerg verlafen.

Mat der neier Eisebunnslinn soll den TGV seng eege Linn kréien, fir den internationale Verkéier ze entlaaschten. 2027 soll d'Neibaustreck fäerdeg sinn.

Nei Linn vun den CFL / Reportage Chris Meisch

Déi aktuell Zuchstreck tëscht der Stater Gare a Beetebuerg wier iwwerlaascht, dowéinst gëtt hei schonn zanter enger gudder Zäit un enger Neibaustreck geschafft. Méi genee soll eng Verdueblung vun der Linn dohinner kommen. Déi al Zuchstreck soll awer fir den nationale Verkéier weider bestoen. 2027 sollen déi éischt Zich mat Passagéier iwwert dës Streck kënne fueren, sou de Rui Raimundo, hien ass Ingenieur a Chef vum Projet.

"Wat mir elo grad hei maachen, dat ass elo d‘Virbereedungsaarbechte fir d‘Fundament vum zukünftegem Ferroviairsdamm ze bauen. Dat heescht mir maachen elo ongeféier 3.000 "Colonne ballastée", dat sinn sou Rüttelstoffsäulen, dat hëlleft ons elo alt an dem Sumpfgebitt hei de Buedem ze verbesseren."

Dat ass néideg fir Stabilitéit vum Buedem ze garantéieren, wou den TGV herno mat bis zu 160km pro Stonn wäert fueren. Den Ament wier een nach mat gréisseren Terrassementsaarbechten amgaangen, fir den Niveau vum Buedem unzegläichen a fir déi zukünfteg Plattforme kënnen ze bauen. Den Tom Ewert, Pressespriecher vun den CFL mat de Virdeeler vun der Neibaustreck.

"Déi zousätzlech Streck fiert da wierklech vu Beetebuerg getrennt vun der bestoender Streck fort a kennt dann och getrennt an der Stad Lëtzebuerg un. Dat erméiglecht eis dann dofir ze suergen, dass d‘Effekter vun enger Streck, zum Beispill eng Verspéidung net automatesch op d‘Zich vun där anere Streck eropkënnt."

Domat kéint een och d‘Capacitéit vum Zuchverkéier an d‘Luucht setzen. Herno kéinten aacht Zich pro Stonn op dëser Streck fueren, den Ament wier ee bei maximal sechs pro Stonn.