Pony.ai, de weltwäite Leader an der Technologie vum autonome Fueren, wëll sech hei am Land nidderloossen. D'Firma huet scho Robotaxien an den USA a China.

Zanter en Dënschdeg sinn de Vizepremier an Ausseminister Xavier Bettel an de Wirtschaftsminister Lex Delles op Aarbechtsvisitt a Kalifornien.
Wéi et an engem Schreiwes vun der Regierung en Donneschdeg de Moien heescht, gouf e "Protocole d'entente" mat Pony.ai ënnerschriwwen, fir den europäeschen Zenter vun der Recherche an der Entwécklung zu Lëtzebuerg opzemaachen an awer och mat der Vente a Maintenance an de Grand-Duché ze kommen.

Pony.ai huet aktuell "Robotaxien" op ëffentleche Stroossen an den USA an a China fueren. Och Camionen, déi autonom fueren, sinn d'Zil. Datt Pony.ai op Lëtzebuerg kënnt, géif weisen, datt dat wirtschaftlecht Ëmfeld fir innovativ Firme weider exzellent am Grand-Duché wier, gëtt de Xavier Bettel zitéiert.

Déi zwee DP-Ministeren hunn a Kalifornien och Google, Nvidia a PayPal besicht. D'Méiglechkeete vu Google, fir mat der Uni Lëtzebuerg zesummenzeschaffen, wären diskutéiert ginn, steet am Regierungsschreiwes. Näischt awer driwwer, fir sech richteg hei am Land nidderzeloossen.