Zwar kéint een net vun enger Kris bei der Elektromobilitéit schwätzen an d'Ventë géinge sech hei manner ausbremse wéi a verschiddenen anere Länner.

Bei eisen däitschen Nopere krut d'Elektromobilitéit en décke Knacks. Haaptgrond ass dat rezent Enn vun de staatleche Primmen. Allgemeng gesinn huet d'Transitioun bei d'E-Mobilitéit bëssen un Dynamik verluer an eise Breedegraden. Zu Lëtzebuerg evoluéieren d'Zuelen zwar nach no uewen, mä net méi sou staark ewéi gehofft an déi politesch Zieler schéngen net méi realistesch.

Fir d'Lëtzebuerger Automobil-Haus ass et dofir wichteg, datt déi staatlech Fërderung erhale bleift.

De Porte-Parole vum House of Automobile wëll net dramatiséieren. Mä d'Elektromobilitéit hätt awer schonn e bëssen u Schwong verluer, gëtt de Gerry Wagner ze verstoen. Dat heescht: D'Zuele klammen net sou staark wéi se missten, fir déi deklaréiert Zieler ze erreechen

Vun enger Kris géing ech nach net schwätzen. Mä vun enger Perte de vitesse, zemools well een sech erwaart hätt, datt do en Opschwong an eng quasi exponentiell Croissance géing kommen. Do si mer wäit dovun ewech.

Bis 2030 soll jo 49% vum Lëtzebuerg Fuerpark elektresch fueren. Déi Ziler sinn net ze erreechen. Dat ass mathematesch net méi dran. Déi Ziler ware vläicht bëssen ambitiéis.

D'Skepsis bei ville potentielle Keefer hätt vill Grënn. Allerdéngs wiere vill Virurteeler mëttlerweil fort, well d'Offer och besser gouf. E Problem wieren awer Inconnue beim Wäertverloscht respektiv beim Maart fir gebraucht Elektroautoen

D'elektresch Occasioune verkafe sech bal guer net. Hei zu Lëtzebuerg ass kee Marché dofir. Eis Autoen déi mir zeréck kréie gi praktesch alleguer an d'Ausland.

Dowéinst huet d'Automobilhaus der Regierung proposéiert, datt een eng Primm fir elektresch Occasiouns-Gefierer sollt aféieren. De Gerry Wagner geet iwwregens dovunner aus, datt déi staatlech Hëllefen iwwer de Juni eraus verlängert ginn, datt de Regime awer ofgeännert wäert ginn

Op europäeschem Niveau wier d'Stëmmung méi schlecht wéi virun 2 Joer. D'Constructeure géinge gefillt rëm méi un Alternativen zur Elektromobilitéit schaffen.

Op den Datum vun 2035 fir de Verbuet vum Verbrenner no hanne wäert verréckelt ginn, do wier et ze fréi, fir eng Ausso ze maachen, sou de Gerry Wagner.