Dofir misst d’Entreprise “Saint Gobain” relogéiert ginn. Iwwer hiren Terrain soll déi nei Ëmgeeungsstrooss goen.
An enger Reunioun um Méindeg tëscht de Ministere Backes, Delles a Wilmes gouf dës Variant nach eemol festgehalen. Fir dëse Contournement bauen ze kënnen, huet den Ëmweltminister Serge Wilmes eng entspriechend Autorisatioun ënnerschriwwen, wou verschidden Ëmweltoplagen a Kompensatiounsmesuren ëmgesat musse ginn.
Déi lescht Propos, déi am Juli zejoert festgehale gouf, géif tëscht dem Bobësch an der Gare vu Käerjeng/Suessem duerchféieren. Domadder wären de Bësch an d’Natura 2000 Zone bal net impaktéiert.
Spéitstens Ufank 2025 sollen déi éischt Baggere rullen.
