
Dee féiert laanscht d’Schinnen a Richtung Iergäertchen a mécht de Lien tëscht der Gare bis bei de Scheedhaff. De Projet war jorelaang an der Diskussioun, ier am Oktober 2023 dunn den éischte Spuedestéch gemaach gouf.
Den Interesseveräin ProVelo freet sech iwwer dat neit Stéck, ma nach géife Stécker dertëscht feelen, erkläert de Gust Muller. Zum Beispill fir vum Scheedhaff a Richtung al Sandweiler Gare an op der anerer Säit, fir vun der Polvermillen iwwerhaapt bis op de Cents ze kommen.
Iergendwa soll iwwer dës Stréck dann och d’Verbindung méi wäit an den Oste bis un d’Musel stoen. Ma wéini genee, do wëlle sech weder d’Transportministesch Yuriko Backes nach den Ëmweltminister Serge Wilmes ze wäit aus der Fënster leenen. Et hofft een, séier virunzekommen, ma et géifen nu emol Prozedure ginn, déi een anhale muss. Ausserdeem wieren nieft de Ministèren och nach d’Gemengen involvéiert.
Lëtzebuerg huet aktuell 770 Kilometer Vëlospisten, 950 sinn der geplangt. Dass de Lëtzebuerger tendenziell gären emol op de Vëlo klëmmt, weisen d’Ufroe fir d’Subsiden: eng 80.000 Demandë fir e Vëlossubsid wiere bis dato agaangen.
Am Kader vum “World bycicle day” gouf dann och de Vëlosummer 2024 lancéiert mat direkt 6 neie Circuiten. Dëse Summer géif een op eng Totalitéit vun 13 sougenannte “circuits cyclo-touristiques” kommen, déi duerch 67 Gemenge féieren. Iwwer 500 Kilometer laang ass den Itineraire.
Premiers coups de pelle 2024/2025:
Mise en service 2024/2025: