Laang goung et hin an hier! Komme se oder komme se net. Zanter en Dënschdeg ass et offiziell. Uber fiert zanter 8 Auer och op de Lëtzebuerger Stroossen.

Mat dräi Klicks um Handy: einfach, séier a fir e kompetitive Präis vun A op B kommen. Wie vill an d'Ausland reest, kennt warscheinlech déi sougenannten "Ridesharing-Applikatiounen", déi mëttlerweil och dacks mat Taxisentreprisen zesummeschaffen.

E Partenariat mat WEBTAXI bréngt den US-amerikanesche Ridesharing-Gigant op Lëtzebuerg, esou de Laurent Slits, Direkter vun Uber Belsch. "Mir sinn op Lëtzebuerg komm, well mer gesinn hunn, datt am Joer Zéngdausende vu Leit d‘Uber-App opgemaach a se och direkt nees zougemaach hunn, well se gesinn hunn, datt keng Uber-Taxien am Grand-Duché gefuer sinn. Wann een dat gesäit, weess een, datt Potential do ass. D'Partenariat mat WEBTAXI huet eis du motivéiert, fir op Lëtzebuerg ze kommen."

Et ass just de Start: D‘Plattform ass nämlech och op fir onofhängeg Taxi-Bedreiwer. D‘Zuel u Gefierer op der Strooss wäert déi nächst Méint also konsequent klammen. Dovun ass och den Emile Weber, Generaldirekter vu WEBTAXI an der grousser Busentreprise iwwerzeegt: "Vun eis sinn elo 150 Autoen aus eiser Zentral, déi elo fir Uber matfueren. Mir mengen, datt déi Zuel an Zukunft awer wäert muss eropgeschrauft ginn, well dat net wäert duergoen."

D‘Präisser vun Uber ginn dynamesch gestallt. Ass d'Demande méi héich, da geet de Präis automatesch erop. Hei kann de Präis zu Peak-Zäite sech awer souguer verdräifachen. Wéinst Regulatiounen an de héije Salairen zu Lëtzebuerg wäert et präislech awer warscheinlech keen immensen Ënnerscheed tëscht dem traditionellem Taxi an engem Uber-Taxi ginn, erkläert de Laurent Slits. "Fir vun der Gare op de Flughafen ze kommen, leie mer zu Lëtzebuerg ongeféier bei 30 Euro. Et ass ee vun de kompetitiivste Präisser hei am Land. Mä et ass net nëmmen de Präis, deen zielt. Mä och d‘Facilitéit, fir en Uber-Taxi ze bestellen, an d‘Sécherheetsmesurë ronderëm [zielen]."

Iwwert d‘App kann ee gläichzäiteg säi Standuert anere Persoune matdeelen. Och d‘Chauffere gi bewäert a kënnen der Entreprise Uber gemellt ginn. Fir den Uber-WEBTAXI schmackhaft ze maachen, ginn et bis Enn des Mounts dräi Bonge vun allkéiers 25 Euro, déi automatesch beim Präis vum Trajet ofgezu ginn.