2018 goufen déi 34 Zich Modell "Coradia Stream High Capacity" bestallt. Déi éischt 2 sinn elo op de Schinnen ënnerwee.

Déi éischt zwee nei Coradia-Zich vun der CFL sti scho prett op de Schinnen. Fueren di se bis elo awer nach net mat Passagéier. No enger intensiver Testphas soll sech dat geschwënn awer änneren. Déi éischt zwee, vun den insgesamt 34 bestallten Zich, sollen nach virum Enn vum Joer an de kommerziellen Asaz kommen. "Mir sinn aktuell an der Phas, fir mat deene Maschinnen hei um Reseau ze fueren, ouni Client. Fir elo nach verschidden Tester ze fueren", seet de Claude Marx vum CFL-Centre opérationnel. Wann dann nach Klengegkeete géingen opfalen, déi net esou wieren, wéi ee wëllt, géingen dës nach beim Fournisseur behuewe ginn.

Wärend den Zuch also nach op der Streck getest gëtt, muss och d‘Zuchpersonal ëmforméiert ginn. "Och wann en Zuch vu baussen ëmmer ausgesäit ewéi en Zuch, ass banne ganz vill anescht. D‘Ecranen an déi ganz Informatik ass anescht. De Conducteur brauch einfach seng Zäit, fir sech dorunner ze winnen", betount de Pascal Nijenhuis, dee Formateur bei der CFL ass, an 2009 als Conducteur do ugefaangen huet.

D‘Ausbildung zum Maschinist dauert ee Joer. Fir en neien Zuchmodell ze fueren, muss awer eng zousätzlech Formatioun vu fënnef Deeg gemaach ginn. Dës besteet aus der Theorie, digitalen Exercicer um Computer an duerno gëtt um Terrain d‘Preparatioun an den Depannagë geüübt. 8 Maschiniste ginn aktuell forméiert. Bis 2030 sollen all 300 Conducteuren duerch dës Formatioun gaange sinn.

D‘Maschinne sinn esou konstruéiert, datt se op d‘mannst 860.000 Kilometer ouni gréisser Pann fuere kënnen. De grousse Bonus vum franséischen Zuch aus dem Produktiounswierk vu Barcelona: méi Sëtzplazen. An dem Zuch mat 3 Voiturë wäerten 334 Sëtzplaze sinn. Esou Zich wäerten der um Enn 22 geliwwert ginn. Bei dem méi grousse Modell kënnen a sechs Voiture sech 692 Mënsch sëtzen. Dëser Maschinne ginn der 12 geliwwert. Am ganze geet d‘Capacitéit an den Zich bis Enn 2025 ëm 46 Prozent an d’Luucht.

Ma vun den neien Extrae schwätzt de Mike Strotz vun der CFL och gären. Sou géing et eng grouss Demande gi fir Vëlosplazen. An deem méi klengen Zuch géingen et dofir 12 Plaze fir Vëloe ginn. Den Accès mam Vëlo wier einfach, a vum Quai aus relativ riicht an den Zuch eran. Och iwwert déi performant Klimaanlag schwätzt hien, an den éischte Wifi u Bord vun engem CFL-Zuch. E modernen Zuch fir d’Zukunft. Déi manner modern al Zich kréien iwweregens en zweet Liewen a Rumänien.

Nei CFL-Zich am Test / Reportage Diana Hoffmann