Zwou grouss Chantiersperioden tëscht dem 13. Juli am 15. September

Haaptsächlech betraff sinn d'Linne Lëtzebuerg-Esch-Rodange a Lëtzebuerg-Beetebuerg-Diddenuewen.
Vum 13. Juli bis den 11. August wäert eng éischt Phas vum Chantier lancéiert ginn. An där Zäit ass d'Gare zu Beetebuerg zou, well um Pont Hammerel geschafft gëtt. Dofir fueren an deem Zäitraum keng Zich tëscht der Stad an Diddenuewen, der Stad an Esch, tëscht Beetebuerg a Wuelmereng a Frankräich an tëscht Näerzeng a Rëmeleng.
An dëser Period wäerten Ersatzbussen op der Streck agesat ginn. Dës kënnen awer tëscht 30 a 45 Minutte méi laang brauchen. Detailer dozou fënnt een am Communiqué vun den CFL.
Déi zweet Period geet da vum 12. August bis de 15. September. An där Zäit fuere keng Zich tëscht der Stad a Beetebuerg, mä dës ginn duerch Ersatzbusser ersat. Dës fuere wärend de Spëtzenzäiten all 5 Minutten an ausserhalb vun de Spëtzenzäiten all 15 Minutten.
Dann erënneren d'CFL och drun, datt den TGV wärend den Olympesche Spiller net tëscht der Stad a Paräis fiert, mä tëscht Rodange a Paräis, dat vum 28. Juli bis den 11. August. Och hei muss ee ronn 45 Minutte méi laang aplangen.