D'Gare zu Beetebuerg ass den Ament wéinst Aarbechte gespaart, dowéinst huet een zu Diddenuewen nawell elle Gedold misse matbréngen.

Wien aus dem Süden oder aus dem Frankräich mam ëffentlechen Transport op d’Schaff an d’Stad wëllt, dee brauch vun e Méindeg un eng extra Portioun Gedold. Well zu Beetebuerg de Pont Hammel iwwert der Gare ersat gëtt, fiert do aktuell keen Zuch méi. Ausserdeem notzt d’CFL elo iwwert d’Grouss Vakanz d’Zäit, fir déi nei Linn Beetebuerg-Stad ze preparéieren.

D'Anne Wolff vun der Gare zu Diddenuewen

Betraff sinn dovunner besonnesch déi vill benotzte Linnen Thionville-Lëtzebuerg an Esch-Lëtzebuerg. Dausende Leit mussen elo op Ersatzbusser ëmklammen, an dat suergt an der Hektik vum Beruffstrafic natierlech fir Ierger.

Diddenuewen, ëm kuerz no 6 Auer e Méindeg de Moien: D’Schlaang vun de Pendler geet iwwert déi ganz Plaz vun der Gare, bis deels op d’Quaien. D’Laun vun de Leit ass deementspriechend schlecht: D’Organisatioun wier net gutt, et géif all Kéiers nëmmen ee Bus amplaz vun de versprachenen zwee ginn, an et géif een och néirens Informatioune fannen. Dat waren nëmmen e puer Kritikpunkten, déi e Méindeg de Moien ze héiere waren. Verschiddener hunn amplaz mat enger Stonn Trajet bis an d’Stad mat dräi Stonne gerechent, a sinn extra fréi aus dem Haus gaangen. An der Schlaang stoungen si nawell. Deen een oder aneren huet da kuerzfristeg decidéiert, den Auto ze huelen.
 
Well aktuell d’Ponts et Chaussées d’Bréck genee iwwert de Gleisen zu Beetebuerg montéieren, dierft aus Sécherheetsgrënn bis den 11. August souwisou keen Zuch do fueren. An der zweeter Phase, vum 11. August bis de 16. September, fueren d’Zich nees op Beetebuerg, a vun do aus geet et mat Navetten an d’Stad. Bei den Aarbechten un der Streck geet et drëms, eng zweet separat Linn ze zéien, esou dass d’Trajeten Esch-Stad an Thionville-Stad getrennt vunenee fuere kënnen. Dat soll Verspéidungen evitéieren.
 
Den Tom Ewert vun der CFL versteet den Ierger vun de Passagéier. Den Oflaf op der Plaz kéint ee sécherlech nach verbesseren, an et wier een och amgaang mat de franséische Kolleegen duerno ze kucken. D’Zuel un de Busser kéint een awer net weider eropschrauwen: "Mir hunn eng 200 Chauffere mobiliséiert, an all Dag ginn 800 Buscourse gefuer. Dat heescht do ass awer e relativ staarke Busapparat op d’Bee gesat ginn, fir eis Clientë kënne vun A op B ze bréngen."
 
D’Pendler zu Diddenuewen hoffen deementspriechend an den nächsten Deeg op e méi séieren Trajet.
 
Den detailléierten Horaire vun den Ersatzbusser fannt Dir hei.