Beetebuerg seet der Hammerel-Bréck Äddi
Zanter dem 15. Mäerz ass d'Hammerel-Bréck zu Beetebuerg fir den Trafic gespaart. Eng 10.000 Gefierer hu si all Dag benotzt fir vun A op B ze kommen.
No 50 Joer huet déi al Hammerel-Bréck ausgedéngt. Si gëtt duerch eng nei ersat. De gréissten Deel vun der Bréck gouf Enn der Woch ofgerappt. De Rescht, e klengen Deel vu ronn 600 Tonnen, gouf am Laf vum Samschdeg ewechgeholl.
Geplangt ass, an der Nuecht vun e Sonndeg op e Méindeg en éischt Stéck vun der neier Bréck op hir Plaz ze bréngen. Déi aner 990 Tonne solle vun e Mëttwoch un deplacéiert ginn. Ronn 64 Stonne soll dëse Manöver daueren.
Wéinst dësen opwännegen Aarbechten ass den Zuchtrafic zu Beetebuerg op der Gare ënnerbrach. Bis den 11. August bleift den Trajet fir all Zich aus Frankräich an aus dem Süde vu Lëtzebuerg gespaart. D'Zich ginn duerch Busser ersat.