Plaz fir Aarbechten um KierchbiergUm Boulevard Adenauer goufe Beem fir nei Tram-Linn gehaen

RTL Lëtzebuerg
Wärend den Tram den 2. Mäerz offiziell bis op de Findel fiert, fänken elo d'Preparatioune fir eng Niewelinn um Kierchbierg un.

Déi nei Linn féiert vun der Rouder Bréck bis bei d’Europaschoul a si soll fir d’Rentrée 2027 opgoen. Fir dëst ze assuréieren, hunn d’Aarbechte wärend der Woch vum 17. Februar 2025 ugefaangen. Dobäi wäerten 92 Beem ëmgehaen, 49 transplantéiert an 150 nei geplanzt ginn*.

Um Boulevard Adenauer gi Beem ofgeholzt fir weider Tram-Linn um Kierchbierg
D’Aarbechten hunn um Freideg de Moien ugefaangen.

Dono ginn d’Installatioune vun de Chantieren opgeriicht, d’Strooss gëtt provisoresch sanéiert a verschidde Geräter ginn ewechgeholl.

Wärend dësen Aarbechte wäerten och verschidde ënnerierdesch Reseauen, also Gas, Elektresch a Waasser, musse verluecht ginn.

PDF: D'Schreiwes vu Luxtram

Back to Top
CIM LOGO