Tëscht dem 18. Mäerz an Enn Mee gëtt an den Autobunnstunnelle geschafft

© Christophe Hochard
Nieft dem Botze gi verschidde preventiv Aarbechten an den Tunnellen duerchgefouert. Lass geet et mam Tunnel Pénétrante Sud op der B3.
All Joer ginn et zwou Maintenance- a Botzcampagnë vu Ponts et Chaussées, wat d'Tunnellen op den Autobunnen uechter d'Land ugeet, eng am Fréijoer an eng am Hierscht. Den Optakt vun der éischter Botzaktioun 2025 ass en Dënschdeg den 18. Mäerz.
Et geet virun allem drëm z'iwwerpréiwen, ob d'Sécherheetsequipementer korrekt funktionéieren. Zu den Equipementer zielen zum Beispill d'Ventilatioun, d'Feierdetekteren, d'Feierläscher, de ganzen Eclairage a Guidage, sou wéi d'Noutruff-Bornen. Och ënnert d'Lupp geholl ginn d'Signalisatioun, d'Videoiwwerwaachung, d'Informatik, den Telefon, d'Elektrescht, d'Réckhaltebecken, d'Pompelen oder nach d'Transformatoren. Déi komplett Lëscht fënnt een am Pressecommuniqué ënnen am Artikel.
De Gros vun den Aarbechte ginn nuets duerchgefouert. Fir d'éischt ginn d'Maintenance-Aarbechten duerchgefouert. Vu Mëtt Mee u kommen dann d'Botzaarbechten drun. Den Ofschloss machen den 29.-30. Mee den Tunnel Houwald an den Tunnel Cents.
Weider geet et dann eréischt nees Ufank September, wou dann déi zweet Phas vun de Botz- a Maintenanceaarbechten an den Tunnellen drun ass, dat bis Ufank November.
De Communiqué vu Ponts et Chaussées
Début de la campagne de maintenance et de nettoyage des tunnels autoroutiers le mardi 18 mars 2025: assurer la sécurité et la visibilité (18.03.2025) | |
| |
La première campagne de maintenance et de nettoyage des tunnels autoroutiers pour l’année 2025 commence le mardi 18 mars 2025. L’Administration des ponts et chaussées effectue chaque année deux campagnes de ce genre, au printemps et en automne. Cette maintenance inclut la maintenance préventive et curative des équipements de sécurité (énumérés ci-dessous), le contrôle du fonctionnement et de l’interaction des différents équipements ainsi que le nettoyage des parois des tunnels. En vue de réduire l’impact sur le trafic et tout en tenant compte de la coordination avec d’autres chantiers, les interventions de maintenance et de nettoyage des tunnels sont majoritairement réalisées de nuit. La première campagne de maintenance et de nettoyage aura lieu de mi-mars à fin mai, tandis que la deuxième se déroulera entre début septembre et début novembre. Les dates prévues des interventions pour les différents tunnels peuvent être consultées sur le site du CITA « www.cita.lu ».
Liste des tunnels et passages à gibier concernés : Tunnels Grouft, Rëngelbour, Stafelter, Gousselerbierg, Mersch, Roost, Colmar-Berg, Schieren, Howald, Cents, Richard Serra, Kirchberg, Saint-Esprit, Pénétrante-Sud, Merl, Pétange-Eglise, Biff, Accès Secondaire à Esch-Belval, Micheville, Aessen, Ehlerange, Foetz, Frisange, Mondorf et Markusberg. Principaux équipements concernés par la maintenance (liste non-exhaustive) :
|