D'Diddelenger Autobunn ass als en Dauerchantier bekannt. Dëst wäert sech elo op d'mannst fir en Deel vun der Streck berouegen.

Wéi de Mobilitéitsministere e Freideg matgedeelt huet, wäert den éischten ausgebauten Deel vun der Diddelenger Autobunn e Sonndeg opgoen. Den Deel tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz, ronn 3,5 Kilometer, wäert vum 23. Mäerz un Dräispuereg ze befuere sinn. Eng Woch méi spéit, also den 30. Mäerz,  geet dann och de selwechten Deel a Richtung Frankräich op. Déi nei drëtt Spuer ass fir de Covoiturage an den ëffentlechen Transport reservéiert.

Dës Spuer ass en Novum fir Lëtzebuerg, deen awer gebraucht gëtt, seet déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes."Mir brauchen dat, well mer eng Kapazitéitserhéichung wëllen ubidden, mee dat op eng nohalteg Aart a Weis, dat heescht dass méi Autoen trotzdeem méi Confortabel hei kënne fueren. Mä Covoiturage ebe justement, dass d’Leit net eleng an engem Auto sëtzen, mä dass se zu Zwee voire méi déi nei Spuer kënne benotzen. Ech mengen, dat ass eng nohalteg Aart a Weis, fir multimodal weider an eis Mobilitéit ze investéieren."

Extrait Yuriko Backes

Vitesslimitatioune ginn ugepasst 

Um neien Deel vum Tronçon dierf een dann awer net méi mat 130 Kilometer an der Stonn fueren. D'Vitess op de ronn 3,5 Kilometer ass op 90 km/h limitéiert . Zu de Spëtzenzäiten, also a Richtung Stad tëscht 6 an 11 Auer an a Richtung Frankräich tëscht 15 an 20 Auer, gëtt d'Vitess awer op alle Spueren op 70 erofgesat.

A Richtung Stad gëtt et nieft der Spuer, déi fir den ëffentlechen Transport an de Covoiturage reservéiert ass, nach eng exklusiv Busspuer. Op dëser ass d'Vitess ëmmer op 70 limitéiert. Eng reng Standspuer fält hei ewech.

Spuer fir Covoiturage: Op d'mannst zwee Leit am Auto

Wien d'Spuer fir de Covoiturage notze wëll, muss op d'mannst eng zweet Persoun am Auto hunn. Wéi et vum Ministère heescht, ginn d'Automobilisten opgeruff, sech un dës Virgaben ze halen. D'Police wäert et reegelméisseg kontrolléieren. Wien eleng am Auto op där Spuer erwëscht gëtt, muss mat enger Strof an Héicht vu 74 Euro rechnen, wéi den Direkter vu Ponts et Chaussées Roland Fox erkläert.

"D’Ministesch huet virdru scho gesot, effektiv dass d’Police am Ufank wäert present sinn. An enger spéiderer Phas wäerten och Kontrollen hei kommen, wou mer iwwer automatesch Systemer detektéieren, wa manner wéi zwee Leit am Auto sinn. An dat Ganzt gëtt dann an dee ganze System vum CSA, Contrôle et Sanctions automatisées, wéi mer et vum Radar kennen, agebonnen."

Extrait Roland Fox (1)

Stand haut: 80.000 Autoe pro Dag

Eng ronn 80.000 Gefierer fueren all Dag iwwer d’Diddelenger Autobunn, et war also un der Zäit, den Trafic op dëser Plaz ze berouegen. Et kéint een allerdéngs net dovunner ausgoen, dass an Zukunft manner Gefierer op der A3 wäerten ënnerwee sinn, esou de Roland Fox Direkter vu Ponts et Chaussées:
 
"Mir ginn net dovunner aus, dass d’Zuel vun de Gefierer wäert erofgoen. Mir baue jo aus fir den Trafic kënnen ofzewéckelen. An et wier u sech elo schued, an dat ass och total onwarscheinlech, dass hei géife manner Autoe fueren. Dat wat ass: Mir offréieren eng zousätzlech Spuer fir déi Leit, déi zu méi am Auto sinn. Dat heescht, et wäerten net nëmme méi Gefierer fueren, mä mir ginn dovunner aus, dass gebündelt méi Leit iwwer dësen Tronçon an des Autobunn wäerte fueren."

Extrait Roland Fox (2)

Wéi geet et weider?

U sech war d'Ouverture fir Enn 2024 geplangt, nodeem de Chantier, dee vill Automobiliste vill Nerve kascht huet, am Januar 2022 opgaangen ass. Et ass jo geplangt, datt déi ganz 13,3 Kilometer vun der Autobunn, déi déi franséisch Grenz mat der Stad verbënnt, an zwee Mol dräi Spuere sollen ausgebaut ginn. Déi komplett Aarbechte sollen 2030 fäerdeg ginn. Dotëscht, Ufank 2026, wäert awer nach eng dynamesch Zouweisung vun der Spuer an eng manuell Geschwindegkeetsmodulatioun a Kraaft trieden.