Deels 3 Spueren opTrafic op der A3 ass de Méindeg de Moie gutt gerullt
Op enger Längt vun 3,5 Kilometer kann een zanter e leschte Sonndeg op 3 Spueren iwwer Diddelenger Autobunn Richtung Haaptstad fueren.
Deels 3 Spueren op
Trafic op der A3 ass de Méindeg de Moie gutt gerullt.
Eng vun dëse néie Spueren ass fir de Covoiturage an de Bus reservéiert.
Fir den Trafic fléissend ze halen ass d’Maximal Vitesse op 90 respektiv 70 km/h reduzéiert. Um Méindegmoie géint 7 Auer ass et gutt gerullt. Méi lass war dunn no 8 Auer. Hei konnt een en éischte “Stop and Go” feststellen.
De Christophe Hochard live vun der A3
Op der Säit Richtung Frankräich gëtt aktuell mat Héichdrock geschafft: Panneaue ginn installéiert an de Marquage preparéiert. Déi 3,5 Kilometer laang Streck tëscht dem Echangeur Gaasperech an der Aire de Berchem soll e Sonndeg, den 30. Mäerz, fir den Trafic opgoen.
Trafic op der A3 ass de Méindeg de Moie gutt gerullt
Op enger Längt vun 3,5 Kilometer kann een zanter e Sonndeg tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz op der Diddelenger Autobunn fueren.
Op Héichtoure lafen och d’Aarbechten tëscht der Sortie Léiweng an dem Beetebuerger Kräiz. 2028 soll dësen Deel prett sinn.
Trafic op der A3 ass de Méindeg de Moie gutt gerullt
Op enger Längt vun 3,5 Kilometer kann een zanter e Sonndeg tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz op der Diddelenger Autobunn fueren.
Bis ee kann op dräi Spueren iwwer déi ganz Längt vun der A3 fueren, dat sinn 13 Kilometer, muss ee sech nach bis d’Joer 2030 gedëllegen.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.