Fir d'Sécherheet op de Stroossen ze verbesseren, huet d'EU-Parlament sech fir nei EU-wäit Reegele fir de Fürerschäin ausgeschwat.

Scho virun engem Joer hat d'EU-Parlament d'Aféierung vun enger EU-wäitee sougenannter ''Digital Wallet'', also engem digitale Portmonni, annoncéiert. Domat wéilt een den EU-Bierger erméiglechen, sech online méi einfach an awer och méi sécher kënnen auszeweisen. Am deem Kader gouf dann elo och festgehalen, dass de Fürerschäin vun 2030 un an den EU-Memberlänner digital disponibel soll sinn. Déi physesch Versioun géif awer weiderhin erhale bleiwen.

All Joer stierwe ronn 20.000 Leit op europäesche Stroossen

Fir de Stroosseverkéier dann europawäit méi sécher ze maachen, huet ee sech och op aner Reegele gëeenegt. Esou soll an der Farschoul da scho verstäerkt op d'Risike vum Smartphone um Steier, souwéi och dem séchere Fueren a Stied a bei schwierege Wiederkonditiounen opmierksam gemaach ginn.

Dës Weidere soll och eng 2 Joer laang Proufzäit EU-wäit obligatoresch ginn, an där méi streng Reegele fir d'Fuerufänger solle gëllen. Dës Proufzäit gëtt et jo och schonn zu Lëtzebuerg.

Keng obligatoresch Gesondheets-Tester fir eeler Chauffeuren

Wéi d'ARD mellt, hätt sech den däitschen Nach-Verkéiersminister Volker Wissing géint d'Propos vun obligatoresche Gesondheetstester fir eeler Chauffeuren ausgeschwat. D'Chauffeure sollen da just virun hirem éischte Fürerschäinsexamen op eventuell gesondheetlech Problemer ënnersicht ginn. 
D'Fürerschäiner sollen dann och fir 15 Joer valabel sinn. D'EU-Länner kënnen dann decidéieren, ob bei der Erneierung vum Fürerschäin ee weidere Gesondheetstest muss gemaach ginn oder net. Alternativ kënnen d'Chauffeuren och ee Questionnaire zu hirem Gesondheetszoustand gefrot ginn.

Déi annoncéiert Mesurë sinn dann och Deel vun enger Initiativ vun der EU-Kommissioun, déi am Mäerz 2023 annoncéiert gouf. Mat der sougenannter ''Vision Zero'' huet sech d'EU-Kommissioun d'Zil gesat, fir d'Verkéiersdoudeger bis 2050 esou no wéi méiglech u Null ze kréien.

Elo muss just nach den Europäesche Rot an d'Plenière am Europaparlament déi annoncéiert Eenegungen offiziell unhuelen.

Permis kann europawäit agezu ginn

Virleefeg si sech d'EU an d'Memberlänner eens ginn, datt e Fuerverbuet, wat vun engem Memberstaat ausgestallt gouf, och fir dat Land gëllt, dat de Permis ausgestallt huet. D'Land, wat de Permis ausgestallt huet, misst de Fuerverbuet dann EU-wäit duerchsetzen.

Bis ewell konnt just dat Land, wat de Permis ausgestallt huet, en och ofhuelen. Bei engem Verstouss an engem anere Land, konnt ee just do e Fuerverbuet kréien, egal op permanent oder zäitweis.

Viraussetzung ass awer fir déi nei EU-Reegel, datt et e "schwéiert Vergoen" ass, also datt een de Permis fir op d'mannst dräi Méint ofgeholl kritt. Dës nei Reegelung kéint bei schwéiere Verstéiss géint Alkohol um Steier, bei extrem héijer Vitess oder bei engem Accident, wou eng Persoun ëm d'Liewe kënnt, gräifen.

An deem Kader hate sech d'EU-Memberstaaten och op d'Aféiere vun engem digitale Permis an der ganzer EU bis 2030 gëeenegt.