Sécher mam Motorrad an déi nei Saison
Um Colmer-Bierg goufen dëse Weekend ronn 200 Motocycliste fit gemaach, fir defensiv ze fueren a Gefore mat Zäit z'erkennen.
"Fit for your Bike" sinn dräi an eng hallef Stonn un intensiven Training. A wien eemol mat derbäi war, dee kënnt och nawell gär zeréck, wéi eis d'Leit op der Plaz confirméieren. Och déi nächst Rendez-vousen, den 10. respektiv 11. Mee, sinn och scho bal ausverkaaft. Et si spezifesch Stagen, fir déi d'Ekippe vum Formatiounszenter duerch erfuerene Motarde vun der Police verstäerkt ginn. Dat sinn déi Motocyclisten, déi där méi quokeleg Situatiounen aus dem Alldag gutt kennen.
Fir dës Stagë gëtt souguer de Circuit vun der Goodyear extra opgemaach: En idealen Terrain, fir nom Wanter de Feeling um Motorrad zeréckzefannen. Am ganze ginn aacht Atelieren ugebueden: Vum Bremsen, iwwer Auswäichen, bis d'Idealligne fueren.
Sensibiliséiert gëtt och a puncto Equipement. De Code de la route schreift nëmmen e Casque vir. Responsabel Motarde ginn natierlech vill méi wäit: Ebe vun dësem Helm bis bei d'Droe vun engem Airbag, deen net manner wéi 90% vum Schock offiedere kann.
Impressionant ass ëmmer nees d'Erfarung, sech hannert d'Steier vun engem Camion ze sëtzen. Do gi sech dann och d'Motorradsfuerer nees bewosst, wéi begrenzt d'Sicht vum Camionschauffer ass. Well hei kann de Chauffer d'Siicht op e Mini verléieren, deen 30 Meter hannert dem schwéiere Gefier fiert.