Grenzkontrolle bei SchengenVitess wäert vun 20 op 70 eropgoen a Bëtonsbléck wäerte verschwannen

RTL Lëtzebuerg
Zanter enger Rei Méint mécht déi däitsch Police rëm Grenzkontrollen, dat och un der Grenz zu Lëtzebuerg a ganz spezifesch och op der Autobunn bei Schengen.
© Symbolbild / AFP / RTL Archiv

Virun deem Hannergrond wollten d’d’CSV-Deputéiert Stéphanie Weydert an de gréngen Deputéierte Meris Sehovic am Kader vun enger Froestonn an der Chamber wëssen, wéini déi Kontrollen, wéi schonn e puer Mol ugekënnegt, adaptéiert ginn.

Den Inneminister Léon Gloden huet geäntwert, hie wier frou annoncéieren ze kënnen, datt ganz zäitno d’Bëtonsbléck op der Autobunn verschwanne wäerten an d’Vitess vun 20 op 70 Kilometer eropgoe wäert.

Back to Top
CIM LOGO