Wéi passen nohalteg Mobilitéit an Tanktourismus zesummen?
Lëtzebuerg ass fir esou munch Saache bekannt, och fir seng niddereg Sprit-Präisser.
Den Tanktourismus zitt all Dag dausende Leit op Lëtzebuerger Bensinnsstatiounen. Mat der Aire de Bierchem steet och déi gréissten Tankstell an Europa op Lëtzebuerger Territoire. Elo krut d’Statioun op der Diddelenger Autobunn op béide Säiten en neie Bedreiwer an en neie Look: Q8 huet am Mee d'Installatioune vu Shell an Aral iwwerholl.
Héije Besuch op der gréisster Tankstell an Europa: De kuwaiteschen Ambassadeur fir d’Belsch a Lëtzebuerg, de CEO vu Kuwait Petroleum International an de Wirtschaftsminister Lex Delles ware perséinlech op der offizieller Re-Ouverture vun der neier Aire de Bierchem.
Déi Responsabel hu betount, datt Lëtzebuerg e wichtege strategesche Partner fir eng nohalteg Mobilitéit wier. Do kann ee sech froen, wéi nohalteg Mobilitéit an Tanktourismus zesumme passen? De Lëtzebuerger Staat verdéngt jo bekanntlech net schlecht un der Vente vum Sprit, mee wëll gläichzäiteg seng Emissiounen reduzéieren. "Work in progress", wéi de Lex Delles erkläert:
"Den Haaptvolet vun den CO2-Emissiounen hei zu Lëtzebuerg ass den Transport-Secteur also och d’Vente vum Carburant. Wou mer ganz genau wëssen, datt net alles hei zu Lëtzebuerg verfuer gëtt, wat hei getankt gëtt. Dofir si mer scho säit Joren als Land amgaangen, eisen Ziler méi no ze kommen, fir ebe lues a lues manner Tanktourismus ze hunn. Sou dass mir eisen Ziler méi no kommen, awer trotzdeem nach ëmmer Bensinn verkafen. Dofir soll een och eng adequat Infrastruktur hunn."
Konkret heescht dat dem Minister no: D’Tankstell vu muer soll verstäerkt an d’Elektromobilitéit investéieren, an och an hirer Infrastruktur méi nohalteg sinn. Dat huet ee beispillsweis duerch d’Ausschreiwungen sécher gestallt:
"Wat ass nei bei där Ausschreiwung hei. Hei gesi mer, dass mer op der enger Säit Photovoltäik-Panneauen obligéiert hunn, fir déi op d’Statiounen ze leeën. An et ass och fir d’éischte Kéier, datt mer d’Ouverture gemaach hunn, dass wann d’Firma, déi dat heiten exploitéiert well, och d’Charge électriquen heihinner ka setzen."
Den Ament ginn et 12 Bornen um Site vun der Aire de Bierchem. Q8 ass den Ament amgaangen, ze kucken, fir zousätzlech eege Lued-Statiounen um Site ze installéieren. D'Photovoltaik-Anlage sollen dann och fir den Hierscht opgeriicht ginn, wéi de Patrick Sinner, Coordinateur fir Q8 Lëtzebuerg, preziséiert:
"Mir versichen esou vill wéi méiglech an d'Elektromobilitéit z'investéieren. Mir hunn eréischt dëst Joer ugefaangen, mee awer elo scho 6 Sitten, déi op sinn, 3 anerer bis Enn 2025, a wéi gesot 20 Tankstellen an deenen nächsten dräi Joer."
Zu der Elektromobilitéit gehéiert och, datt Clienten an der Reegel méi Zäit op der Tankstell verbréngen, dat well hiren Auto eng Zäitche luede muss. Dofir huet een och d'Offer mat Restauratioun a Butteker adaptéiert. Alternative wéi Waasserstoff-Tankstelle wieren och am Gespréich, do géif een allerdéngs nach ofwaarden, wéi d'Demande sech bei de Clienten entwéckelt.
Nieft enger nohalteger Infrastruktur soll d’Aire de Bierchem déi dausend Visiteuren, déi all Dag passéieren, mat Panneauen an Info-Stänn op déi touristesch Attraktiounen hei am Land opmierksam maachen – fir dass bei Geleeënheet also net nëmmen den Tank gefëllt gëtt.
1986 huet déi éischt Q8 Tankstell hei am Land opgemaach. Mat den zwou Tankstellen op der Aire de Bierchem huet Q8 elo 40 Statiounen am Grand-Duché.