91 Prozent manner bei VW, minus 69 Prozent bei Mercedes, 37 Prozent bei Audi an en Abroch vun 29 Prozent am Joresverglach bei BMW.

Däitsch Autosconstructeure mellen am zweeten Trimester e schwaache Gewënn a struewele fatzeg. Déi schwiereg Transitioun vum Verbrenner op Elektro ass ee vun de Grënn.

D‘Ursaache sinn awer virun allem och westlech an ëstlech vun Europa ze fannen, an zwar an den USA an a China, seet den RTL-Finanzexpert Claude Arend.
 
"De Marché a China, wou d'Europäer, a wann ee seet Europäer, da seet ee jo haaptsächlech déi Däitsch en Auto bauen, d'Chineesen awer no engem Computer op Rieder verlaangen an dann natierlech de Misär mat den Douanes -Taxen an Amerika."
 
Och wann elo mat engem Taux vu 15 Prozent Stroftaxen op d‘mannst eng Tëscheléisung gëtt, belaascht déi amerikanesch Douanespolitik d‘europäesch Autosconstructeure staark a wäert dat och weiderhi maachen.
 
"Wéi den Här Trump ugefaangen huet am Januar, war d'Douanestaxe fir Autoen an Amerika ze schécken null, mëttlerweil si se 15 Prozent. Déi 15 Prozent muss ee bezuelen. A wann den amerikanesche Konsument se net bezilt, da bezilt d'Marge vun den Autosfirmen se. A wie seet manner Marge? Seet natierlech manner Resultat. Also am Endeffekt ass et dann eng Entscheedung, wie bezilt déi 15 Prozent, d'Aktionäre vun den Autosfirmen oder de Konsument an Amerika."

Däitsch Elektroautoe kommen a China net gutt un. Se sinn ze deier a fir d‘Clienten net spannend genuch, mat Bléck op d‘Technologie. Dat sot den däitsche Wirtschaftsexpert Ferdinand Dudenhöffer géintiwwer der "Welt". Fir hie stécht déi däitsch Autosindustrie an enger méi déiwer Kris. D‘Konsequenz vun de schlechte Chifferen dierfte Spuerprogrammer sinn.

"Wann s de deng Marge wëlls halen an du hues zousätzlech Käschten, da muss de kucken, dass de op där anerer Säit déi Käschten erauskriss. Wéi geet et weider? Volkswon hat jo scho mol virun e puer Méint eng éischt Iddi lancéiert. Et geet weider, doduerch datt rationaliséiert gëtt, datt Fabricken zougemaach ginn, datt op Effizienz getrimmt gëtt. Anescht kann et, mengen ech, net."

20.000 VW-Mataarbechter hu rezent en Deal mat Indemnitéiten ugeholl, fir fräiwëlleg op hiren Job ze verzichten. Audi baut bis 2029 bis zu 7.500 Plazen of. Och Mercedes hat schonn am Februar e Spuerprogramm annoncéiert. Ënner anerem solle bis 2027 d‘Käschte vun der Produktioun ëm 10 Prozent gedréckt ginn. Bei BMW halen d‘Spuermoossname sech bis ewell a Grenzen.