Zwee autonom CFL-Busser rullen duerch Esch a Suessem

© CFL
An der Gemeng Suessem an zu Esch-Uelzecht sinn zanter e Méindeg zwee elektresch, autonom CFL-Busser ënnerwee.
Zënter Méindeg den 11. August kënnen Awunner, Schüler an Aarbechter zu Esch-Uelzecht souwéi an der Gemeng Suessem eng nei, gratis an innovativ Transport-Méiglechkeet notzen: zwee autonom Busser vun der CFL. Déi elektresch Navetten, déi mat enger Vitess vu maximal 25 km/h fueren, verbannen op engem véier Kilometer laange Parcours véier Arrêten: vum Kannercampus/CIPA iwwer de Lycée Bel-Val an d’Avenue du Rock’n’Roll (P+R) bis bei d’Uni.
D’Navette fueren am Moment eemol pro Stonn tëscht 9 a 14 Auer vu Méindes bis Freides. D'Zäite kéinten awer un d’Nofro ugepasst ginn, heescht et am Communiqué vun den CFL. Besonnesch d'Awunner vum Centre intégré pour personnes âgées (CIPA) solle sou méi einfach op d’Zuchverbindunge vun der Gare Belval-Université kommen.
Fir d'CFL ass kloer, wann ee fir d'Clienten den éischte Choix a Saache Mobilitéit wëll bleiwen, da muss innovéiert ginn. D'Zil ass dobäi, méiglechst de Leit hire kompletten Trajet ze couvréieren, "vum éischte bis zum leschte Kilometer", sou den CFL-Generaldirekter Marc Wengler am Communiqué.
D'Gefierer hunn aacht Sëtzplazen a ginn, wéi per Gesetz reguléiert, vun enger Sécherheetspersoun begleet, déi bei Noutfäll d'Steierung manuell iwwerhuele kann. Am Virfeld goufen dofir 15 CFL-Mataarbechter speziell ausgebilt.
D'Busser, hiergestallt an Neiséiland, hu scho méi wéi 5.000 Kilometer Testfaarten hannert sech an hunn eng 360-Grad-Vue. D'Preparatioune goufen an Zesummenaarbecht mat der Stad Esch, der Gemeng Suessem, HMI Technologies an dem Ingenieursbüro Schroeder & Associés gemaach.
D'CFL fuerdert iwwerdeems Foussgänger op, besonnesch virsiichteg ze sinn, fir "onnéidegt automatescht Bremse" vun de Busser z'evitéieren, wat "onbequeem" kéint si fir d'Passagéier.