De Mobilitéitsministère mellt en éischte positive Bilan no der Ouverture vun engem Deel vun der dräispuereger Diddelenger Autobunn.

Deemno géingen d'Automobilisten, déi Covoiturage maachen, an den ëffentlechen Transport, duerch déi nei Spuer op der A3 méi séier virukommen. Zu de Stousszäite géing een tëscht 6 an 11 Auer a Richtung Stad ronn 4 Minutten un Zäit spueren, grad ewéi a Richtung Frankräich tëscht 15 an 20 Auer.

Dës éischt Resultater géingen dem Mobilitéitsministère no dem Zil entspriechen, deen d'Regierung mam Ausbau vun der Diddelenger Autobunn erreeche wëll.

Allerdéngs hätt de Ministère constatéiert, datt den Taux un Accidenter am Verglach mat 2019, éier ugefaange gouf, ze bauen, vergläichbar géing bleiwen.

No enger éischter Upassungsphas ginn et vun e Méindeg dem 15. September un Ännerungen op der Streck, wéi et vum Mobilitéitsministère heescht.

Ännerungen a Richtung Aire de Berchem - Gaasperecher Kräiz:

Deemno géing ënnert anerem d'Dauer fir d'Vitesslimitatioun wärend de Stousszäite vu 6-11 Auer op 6-10 Auer erofgesat ginn. Donieft gëtt Vitesslimitt baussent de Stousszäite vun 90 op 110 km/h eropgesat. Tëscht 6 an 10 Auer bleift d'Vitesslimitt awer fir all d'Spueren op 70 km/h. Doriwwer eraus wäerte Busser just nach tëscht 6 an 10 Auer op der Pannespuer tëscht der Aire de Berchem an dem Gaasperecher Kräiz fueren dierfen.

Ännerungen a Richtung Gaasperecher Kräiz - Aire de Berchem:

Och an déi aner Richtung gëtt d'Vitess vun 90 op 110 km/h eropgesat - ausser eben zu de Stousszäiten tëscht 15 an 20 Auer, wou d'Vitess bei 70 km/h fir all d'Gefierer bleift.

An enger méi spéider Etapp wäerten op der Streck speziell Radaren installéiert ginn, mat deene kontrolléiert gëtt, ob d'Leit sech op der Spuer, déi dofir virgesinn ass, un de Covoiturage halen.* D'Installatioun soll am Hierscht 2025 gemaach ginn. Dono wäert et wéi bei alle Radaren eng Testphas ginn.

2026 soll iwwerdeem eng sougenannt dynamesch Beschëlderung installéiert ginn. Esou kéint een d'Dauer vun der Vitesslimitatioun méi flexibel op den Trafic upassen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel stoung just dran, dass Radaren op der Streck wäerten installéiert ginn. D'Prezisioun, dass et sech ëm Radare fir d'Kontroll vum Covoiturage handelt, gouf méi spéit bäigesat.