
Op der Linn 10 sinn Aarbechten tëscht Ettelbréck a Miersch, fir d’Verbindungen a Richtung Norden ze verbesseren, dëst ass d’Suitte vun den Aarbechten, déi bis Mäerz geplangt waren. Donieft ginn et och Maintenance Aarbechten op dëser Streck. Betraff sinn dofir d’Linne Lëtzebuerg-Ëlwen/Gouvy an Ettelbréck-Dikrech.
D’Linn 30 wäert eng nei elektresch Installatioun zu Manternach kréien. Donieft gëtt vun der Fermeture profitéiert, fir Entretiensaarbechten un de Schinnen ze maachen. Betraff ass en Tronçon Éiter-Tréier.
Aarbechten op de Linne 50, 60, 70 an 90 ginn da gemaach, fir datt d’Zich méi pünktlech sollen zirkuléieren. Betraff sinn d’Linnen Lëtzebuerg-Klengbetten-Arel, Lëtzebuerg-Beetebuerg a Lëtzebuerg-Hollerech.
Eng weider Aarbecht op der Linn 60 betrëfft d’Gare zu Rodange, déi ausgebaut soll ginn, fir méi Leit awer och méi Autoe kënnen z’empfänken. Och hei sinn nees Maintenanceaarbechte virgesinn. Betraff sinn d’Linne Péiteng-Rodange, Lëtzebuerg-Beetebuerg, Beetebuerg-Esch an Näerzeng-Rëmeleng.
Op der Linn 70 huet een de selwechte Chantier zu Rodange, dobäi kommen nach Aarbechten um Quai zu Käerjeng.