Parlamentaresch Fro wéinst Schantjen, Stau a vill FrustAarbechten op der Diddelenger Autobunn daueren nach bis 3. Trimester 2024

RTL Lëtzebuerg
Eng parlamentaresch Fro vum CSV-Député-maire vun Hesper Marc Lies befaasst sech mat den Aarbechten op der Diddelenger Autobunn an dee ville Stau ronderëm.
© RTL Archivbild

Sou wéi et den Ament ausgesäit, sollen d’Aarbechten op den Diddelenger Autobunn tëscht dem Gaasperecher Kräiz an der Aire de Berchem nach bis dat drëtt Trimester 2024 daueren. Dat geet aus der Äntwert vum Transport- an Infrastrukturminister François Bausch op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Député-maire vun Hesper Marc Lies ervir.

D’Diddelenger Autobunn gëtt den Ament jo op dräi Spueren ausgebaut. Déi nei drëtt Spuer kéint duerno iwwert eng dynamesch Beschëlderung flexibel, jee no Verkéierssituatioun, genotzt ginn. En Datum wéini den “Echangeur Hesper” an Ugrëff geholl gëtt, gëtt de grénge Minister no. Och net, wat do genee geplangt ass. Dat géif vun der Entwécklung vum Quartier “Midfield” ofhänken. De Rond-point Gluck zu Gaasperech soll viraussiichtlech vun Uganks 2024 an ëmgebaut ginn.

Back to Top
CIM LOGO