MierschAarbechten op der Gare komme gutt virun

Christophe Hochard
Wärend der Schoulvakanz si keng Zich hei zirkuléiert, dofir awer grouss a schwéier Gefierer. D'Gare gëtt ëm- an ausgebaut.
Aarbechten op der Mierscher Gare komme gutt virun
Wärend der Schoulvakanz si keng Zich hei zirkuléiert, dofir awer grouss a schwéier Gefierer. D’Gare gëtt ëm- an ausgebaut.

Sou ginn ënnert anerem d’Quaie vergréissert. Dei hu spéider eng Längt tëscht 260 an 270 Meter. Dëse mëttelste Quai besteet spéider aus 44 Betonselementer. 12,5 Tonne bréngt esou en Element op d’Wo. Zu Burbach an Däitschland goufen d’Stécker hiergestallt. Déi eenzel Elementer ze fixéiere verlaangt Prezisiounsaarbecht an e gutt A.

D’Quaien op der Mierscher Gar kréien all en Iwwerdaach. Do dernieft gëtt nach vill Wäert op de Confort fir d’CFL-Clientë geluecht. Eng Partie Aarbechte sinn an der Maach oder ofgeschloss.

Nieft der Gare gëtt aktuell och e Parkhaus gebaut. Op 4 Etagë kënnen duerno eng ronn 400 Autoe geparkt ginn. Eng Passerelle ewéi op der Rodanger Gare kritt Miersch keng.

Am Dezember 2022 sinn d’Ëm- an d’Ausbauaarbechten op der Mierscher Gare ofgeschloss.

Back to Top
CIM LOGO