
Hei ginn Maintenanceaarbechten um Drainage-System duerchgefouert, et gëtt un den Accès-Piste fir d’Mataarbechter geschafft, grad ewéi un den Kabelkanäl.
Ponts et Chaussées profitéieren dann och, fir Aarbechten un enger Bréck op der Héicht vu Capellen.
Wärend den Aarbechte ginn Ersatzbusser tëscht der Stad an Arel agesat.
Wéinst Aarbechten un der “Schwaarzbréck” ass d’Zuchstreck op der Héicht vun Uewerkuer betraff. Och hei gëtt da profitéiert, fir déi selwecht Maintenanceaarbechten um Drainage, Accès-Pisten an de Kabelkanäl duerchzeféieren, wéi un der Streck Richtung Arel. Zousätzlech ginn dann och nach Äscht an Hecke laanscht d’Streck geschnidden. Busser assuréieren de Persounentransport, wärend d’Zuchstreck tëscht Esch a Rodange gespaart ass. Tëscht der Stad an Esch fueren d’Zich normal.