CFLAarbechten tëscht Januar a Mäerz 2022

RTL Lëtzebuerg
Geschafft gëtt op de Linnen 10, 50, 60, 70 an 90.
© Karin Blasen-Reinesch (Archiv)

Op der Linn 10 sinn Aarbechten tëscht Ettelbréck a Miersch, fir d’Verbindungen a Richtung Norden ze verbesseren. Donieft ginn et och Maintenance Aarbechten op dëser Streck. Betraff sinn dofir d’Linne Miersch-Ettelbréck, Ettelbréck-Dikrech an Ettelbréck-Gouvy.

Aarbechten op de Linne 50, 60, 70 an 90 ginn da gemaach, fir datt d’Zich méi pünktlech sollen zirkuléieren.

Eng weider Aarbecht op der Linn 60 betrëfft d’Gare zu Rodange, déi ausgebaut soll ginn, fir méi Leit awer och méi Autoe kënnen z’empfänken. Och hei sinn nees Maintenanceaarbechte virgesinn. Betraff sinn d’Linne Péiteng-Rodange, Lëtzebuerg-Beetebuerg, Beetebuerg-Esch an Näerzeng-Rëmeleng.

Op der Linn 70 huet een de selwechte Chantier zu Rodange, dobäi kommen nach Aarbechten um Quai zu Käerjeng.

Back to Top
CIM LOGO