Vun e Méindeg unAarbechten um Viaduc Mënsbech - Tempo 30 wärend bestëmmten Auerzäiten

RTL Lëtzebuerg
Wéinst engem Schued un de Joint‘e vun der Bréck, ass op der A1 a Richtung Stad déi riets Spuer um Viaduc Mënsbech bis op Weideres gespaart.

Vun e Méinden un geet et iwwert eng Metalle-Plack (rampe fly-over), wärend de Spëtzestonnen moies tëscht 6 an 10 Auer, nees op zwou Spueren. Allerdéngs ass um Viaduc dann nëmmen nach Vitesse 30 Richtung Stad erlaabt.

No 10 Auer moies ass déi riets Spuer dann nees gespaart.

Back to Top
CIM LOGO