Liichten Zouwuess fir 2022Abroch vu bis zu 80 Prozent vum Trafic wärend der Pandemie

RTL Lëtzebuerg
Wéi huet sech de Verkéier wärend der Pandemie am Télétravail entwéckelt a si mir aktuell nees um Pre-Pandemie-Niveau a puncto Trafic?
© RTL Archiv

Dat wollt den DP-Deputéierten André Bauler an enger parlamentarescher Fro gewuer ginn.

De grénge Mobilitéitsminister Bausch äntwert, dass een am Ufank vun der sanitärer Kris een däitlechen Abroch vu bis zu 80 Prozent am Alldags-Verkéier op den Autobunne festgestallt huet. Op dat ganzt Joer 2020 gekuckt, hätt een awer festgestallt, dass sech den Trafic op ronn 80 Prozent vum deegleche Verkéier vun de Joren 2018/2019 agependelt hätt. 2021 ass d’Verkéiersopkommes erëm gréisstendeels un den Niveau vun 2019 erukomm.

A fir 2022 géing ee souguer e liichten Zouwuess vum Trafic feststellen, mat deels méi héije Spëtzte wéi nach virun der Pandemie. Allgemeng wier de Verkéier generell gekuckt méi diffus ginn an esou Spezial-Zäite wéi zum Beispill de Freidegowes-Pic géingen net méi esou erausstiechen.

Back to Top
CIM LOGO