
Schonn an de Jore virun der Pandemie war an Däitschland de Gréngendonneschdeg ëmmer deen Dag, wou een op de Stroossen am schwieregste virukoum.
Grond dofir ass, datt ëmmer vill Leit vum ganz laange Weekend profitéieren, fir bei d’Famill oder an d’Heemescht ze fueren. Am meeschte betraff wäerte wuel d’A1 vu Bremen iwwer Hamburg an Dortmund op Köln, d’A3 vu Würzburg iwwer Nürnberg op Passau an d’A6 vu Mannheim op Nürnberg sinn. Och de Kölner- a Berliner-Ring wäerten däitlech méi belaascht sinn, wéi op normalen Deeg.
Den ADAC rechent domadder, datt nees méi Leit op de Stroosse wäerte sinn, wéi nach an den zwee Coronajoer 2020 an 2021, awer net, datt d’Zuele vu viru Corona wäerten erreecht ginn. Et kéint awer sinn, datt duerch déi héich Coronazuelen, den deiere Pëtrol an d’Angscht viru Suitte vum Ukrain-Krich dofir suergen, vill Däitscher wäerten op méi wäit Auslandsreese fir d’Vakanz verzichten an esou am Land selwer Vakanz maachen, wat d’Zuel vun den Autoen op de Stroossen nees weider kéinte an d’Luucht drécken.