Retour aus VakanzADAC warnt viru vill Stau vum 20.-22.August

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem a verschiddenen däitsche Bundeslänner geet d'Schoul d'nächst Woch nees un, wouduerch de Vakanzentrafic net ze knapps wäert ausfalen.
© AFP

Dem ADAC no si virun allem d’Stroosse laanscht d’Alpen, awer och a Bierg- an a Küsteregiounen a Frankräich an a Kroatien betraff. Och an Italien gëtt vill Trafic erwaart.

Leit, déi an der Vakanz sinn, musse sech op laang Schlaangen un de Grenzen astellen, bedéngt duerch d’Areesrestriktioune wärend der Corona-Pandemie.

Schoulvakanze ginn an 8 Bundeslänner an a verschiddene Regiounen a Holland op en Enn.

Back to Top
CIM LOGO