Schlecht Noriicht fir verschidden Diesel-FuererAdBlue kéint méi rar an doduerch och méi deier ginn

RTL Lëtzebuerg
Modern Diesel-Autoen a grad Camione brauchen den Diesel-Zousaz AdBlue, fir d'EU-Stéckstoff-Grenzwäerter anhalen ze kënnen.

Well awer aktuell den Ammoniak knapp ass, duerch déi héich Produktiounskäschte wéinst dem Gas, gëtt däitlech manner AdBlue produzéiert. Dës kéint dozou féieren, datt en net méi ëmmer ze kréien ass an datt de Präis däitlech an d’Luucht geet. Et gëtt domadder gerechent, datt spéitstens am éischte Quartal 2022 d’Präisser vum AdBlue nach eng Kéier däitlech klammen.

AdBlue reduzéiert d’Schuedstoffer, déi vum Auto ausgestouss ginn, duerch e chemesche Prozess a mécht de Gros onschiedlech. Weider hëlleft en och, datt den Dieselmotor méi propper bleift. Dofir muss een en awer reegelméisseg nofëllen, dat an enger klenger Ëffnung nieft dem Tankdeckel. Jee no Faarweis brauch een ongeféier 5 Prozent AdBlue par Rapport zum getankten Diesel. Den AdBlue net nofëllen hëlleft dann och net, well den Auto dann net méi den normen entsprécht an doduerch de Motor dann net méi ugeet. Betraff sinn hei méi nei Diesel-Autoen, awer haaptsächlech Camionneuren.

Back to Top
CIM LOGO