Sécurité RoutièreAlkohol um Steier, Vitesse oder Erausfuerderungen duerch nei Technologien

Claudia Kollwelter
Christophe Hochard
E Programm mat Reflexiounen, Suggestiounen a Revendicatioune sinn e Freideg all de politesche Parteien an dem Syvicol per Courrier geschéckt ginn.
Am Kader vun de Walen huet d'Securité Routière eng Partie Defie festgehalen
Alkohol um Steier, Vitesse oder d’Erausfuerderungen duerch nei Technologië, dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten.

D’Sécurité Routière huet am Kader vun de Walen e puer Defie festgehalen. Alkohol um Steier, Vitesse oder d’Erausfuerderungen duerch nei Technologië, dat sinn nëmmen e puer vun de Sujeten.

Fuederungen Sécurité Routière / Rep. Claudia Kollwelter

Bei der Presentatioun e Freideg de Moien huet de President vun der Sécurtié Routiere Paul Hammelmann betount, datt si fuerderen, datt bannent den Uertschaften an och der Stad systematesch 30er-Zone kommen, do wou den Automobilist, de Foussgänger an de Cyclist sech begéinen.

Komm mer kopéieren intelligent aus dem Ausland. Eng Stad wéi Bréissel, Paräis a sämtlech Uertschaften a Spuenien 30 Innerorts virschreiwen. 30km an der Stonn do wou den Automobilist, de Foussgänger an de Cyclist sech begéinen. An als Ausnam dozou 50, do wou se sech net begéinen.

Och d’Mobilité douce wier hinne wichteg. Et géif een awer als Sécurité Routiéire net forcement fir de Vëlo plädéieren, mee fir d’Sécherheet. D’Droe vun engem Casque fir d’Cycliste misst der Sécurité routière no obligatoresch ginn an d’Vëlospistë misste besser ënnerhale ginn. De Paul Hammelmann huet erkläert, datt d’Foussgängersträife praktesch net méi respektéiert géife ginn an een dofir och op deem Punkt agéiere misst:

“Andeem mer se zum Beispill op de Niveau vum Trottoir géifen erhéijen, sou datt de Foussgänger an och den Automobilist besser siichtbar ass.”

De Paul Hammelmann

Donieft fuerdert d’Sécurité Routière allgemeng méi Alkoholkontrollen a méi Shared Spacen uechtert d’Land. An de leschten zwou Legislaturperiode wier vill a Punkto Verkéierssécherheet geschitt, an der Lescht wier et awer zu enger gewëssener Stagnatioun komm an dofir misst onbedéngt weider geschafft ginn.

E Programm mat enger ganzer Partie Reflexiounen, Suggestiounen a Revendicatioune sinn deemno un all d’politesche Parteien an de Syvicol geschéckt ginn.

PDF: Fuerderunge vun der Securité Routière

Back to Top
CIM LOGO