
Dës genannte Gefierer maache bei den Umeldunge vun Neiween entretemps 80% aus. D’Regierung vun Oslo fërdert se massiv. Ënner anerem musse beim Kaf d’TVA vu 25% an deels deier Immatrikulatiounsfraisen net bezuelt ginn. Lues a lues gi staatlech Ënnerstëtzungen awer elo zeréckgefuer. Norwegen wëll vun 2025 u just nach emissiounsfräi Autoen zouloossen.