
VW soll net domat waarden, bis d’Geriichter an deenen eenzele Memberstaaten en Urteel gesprach hunn, esou den EU-Kommissär fir Verbraucherschutz Dider Reynders zu Bréissel.
Am Juli hat d’EU-Kommissioun wéinst illegale Concertatiounen iwwer Dieselfilter, scho Strofen an Héicht vun alles an allem 875 Milliounen Euro géint eng Rei däitsch Autosconstructeuren decidéiert. Eleng VW soll 502 Milliounen dovu bezuelen.