Contournement HousenAm Mee 2023 sollen d'Baggere rullen

Marc Hoscheid
Wien duerch Housen fiert, muss Gedold matbréngen. Grad am Beruffstrafic ass d'N7, Haaptverkéiersoder vum Éislek, op dëser Plaz reegelméisseg iwwerlaascht.

Ma elo ass de Wee fir ee Contournement fräi. Am Mee d’nächst Joer sollen d’Aarbechten ufänken. Wat d’Ëmgestaltung vun der ganzer N7 tëscht dem Fridhaff a Wäiswampech betrëfft, mussen awer nach e puer Problemer geléist ginn.

Contournement Housen / Reportage Marc Hoscheid

All Dag fueren am Schnëtt 18.000 Gefierer duerch Housen, Tendenz steigend. An Zukunft soll sech dat awer änneren. Et leien nämlech all d’Geneemegunge fir eng Ëmgoungsstrooss um Dësch. D’nächst Woch gëtt d’Ausschreiwung vun de Ponts et chaussées lancéiert. An engem hallwe Joer sollen d’Baggeren da rullen. Bei den Houser Leit ginn d’Meenungen zum Projet iwwerdeems auserneen.

Persoun 1: “Ech géif soen, et ass eng gutt Saach. Am Summer komme ganz vill Leit owes heihinner iessen a wann d’Leit hei op der Terrass sëtzen, ass immens vill Kaméidi wann d’Autoe laanscht fueren. Dowéinst géing ech et gutt fannen, wann d’Leit déi aner Säit fueren an d’Leit owes roueg iesse kënnen.”

Persoun 2: “Ech fannen, datt mer et hei zu Housen net brauchen. Op anere Plaze géing et méi gebraucht ginn, wéi hei zu Housen.”

An enger éischter Phas gëtt een 325 Meter laangen Tunnel gebaut. Dofir mussen 300.000 Kubikmeter Buedem beweegt ginn. Dono ginn der Rei no eng Partie Brécken an d’Strooss selwer gebaut. D’Käschte belafe sech op 154 Milliounen Euro. Och den Zäitplang vun de Ponts et chaussées ass kloer. De Marc Ries, Chef de division Dikrech bei Ponts et chaussées, gëtt en Iwwerbléck:

“Mir rechnen dermat, datt mer an dräi Joer deen éischte Lous fäerdeg hunn an a véier Joer d’Strooss ronderëm Housen gebaut hunn. An déi ganz Aarbechten, dat heescht déi 4,4 Kilometer bis op d’Duerchterhaischen, wou nach ee Carrefour dénivelé gebaut gëtt, datt mer déi Aarbechten innerhalb vu sechs Joer kënnen ofschléissen.”

Déi Gemengeresponsabel si frou, datt de Contournement, iwwer deen ee scho 50 Joer laang diskutéiert, endlech Realitéit gëtt. Fir d’Awunner vun Housen géing dëst méi Liewensqualitéit bedeiten an um Duerchterhaischen ee Geforepunkt verschwannen. Aktuell gëtt sech ewell op de Réckbau vun der Haaptstrooss zu enger 30-Zone preparéiert. De Romain Wester, Buergermeeschter vun der Gemeng Parc Housen:

“Dir musst wëssen, déi lescht Joerzéngte konnt net ganz vill un den Infrastrukturen an der Haaptstrooss geschafft ginn. Mir si lo am Moment derbäi fir de Kanal, d’Waasserleitungen an all néideg Infrastrukture wéi Stroum an de Reseau ze plange fir datt mer dat och an deenen nächste Joer kënnen entaméiere wann de Réckbau fälleg ass.”

De Contournement vun Housen ass Deel vun der Ëmgestaltung vun der N7 tëscht Wäiswampech an dem Fridhaff. Op 31,5 Kilometer soll d’Strooss 5,5 Meter méi breet gemaach, eng Leitplank an der Mëtt installéiert an d’Vitess duerchgoend op 90 Kilometer an der Stonn limitéiert ginn. De Staat huet awer nach net all d’Terrainen. An der Lëpschter-Dällt gehéieren 22 Ar dem Proprietär vun engem Hotel, deen am Prinzip mam Projet d’accord ass, sech awer um geplangten Tronçon an engem feelende Schallschutz stéiert. Hie verlaangt zudeem, datt d’Aarbechten op dëser Plaz spéitstens am Juli 2023 ufänken, soss géing hien net verkafen. D’Verhandlungen dierften deemno sportlech ginn.

Back to Top
CIM LOGO