
Iwwer 6.500 Chauffeure ginn nämlech an der Moyenne pro Mount do geblëtzt, oder anescht gesot, iwwer 200 den Dag. Dat kruten d’Kolleege vum Tageblatt vun der Police confirméiert.
Am Verglach: Beim Streckeradar op der N11 tëscht dem Waldhaff a Gonnereng sinn et eppes iwwer 400 presséiert Chauffeuren, déi do an der Moyenne pro Mount erwëscht ginn.