4,5 Kilometer Streck an 2 Arrête komme bäiAn ca. 2 Joer soll ee mam Tram bis op de Fluchhafe fuere kënnen

RTL Lëtzebuerg
Den Ament ass nach bei der Luxexpo Schluss. Elo soll d'Streck awer weider gebaut ginn.
Extensioun vum Tram bis op de Fluchhafen
Den Ament ass nach bei der Luxexpo Schluss. Elo soll d’Streck awer weidergebaut ginn.

An ongeféier zwee Joer soll een och mam Tram bis op de Findel kënne fueren. Dofir kommen nach emol 4 an en hallwe Kilometer Reseau an zwee Arrête bäi.

En Deel vun där Streck geet iwwert eng Bréck, déi op de Kierchbierg hannert den Tramsschapp kënnt an iwwert d’Autobunn bis op de Findel geet. Déi Bréck gëtt 108 Meter laang, 10 Meter breet an 8 Meter héich. An e puer Méint geet et lass mat der Constructioun, sou den André Von der Marck, Generaldirekter vu Luxtram.

Extrait André Von der Marck

4,5 Kilometer Streck an 2 Arrête komme bäi. Dat sinn den Héienhaff, wou e grousse Park&Ride an eng Busgare geplangt sinn, an natierlech den Flughafen. Fir dës Extensioun vum Tram hu missten op 3,5 Hektar Beem ewech gemaach ginn. De Generaldirekter vu Luxtram ënnersträicht awer, datt bal dat dräifacht dovunner kompenséiert gëtt. 8,6 Hektar ginn nei beplanzt.

Op dësem klengen Deel tëscht Luxexpo an Héienhaff kann den Tram och méi séier fuere wéi an der Stad. Ugangs 2024 wäert den Tram dann de Fluchhafe mat der Stad verbannen.

Back to Top
CIM LOGO