
Bei all dëse Kontrollen uechtert d’Land goufe 603 Infraktiounen, déi mat Vitess ze dinn haten, vun de Polizisten um Terrain festgestallt. Donieft kommen 5.365 Leit, déi ze séier ënnerwee waren, a vun de fixen oder mobille Radaren hei am Land geblëtzt.
Et goufen 51 Procès verbauxen ausgestallt wéinst Délits de grande vitesse an 9 Permise goufen agezunn.