
Zanterhier sinn awer schonn iwwer 1.000 Chauffeure geblëtzt ginn, schreift d’Lëtzebuerger Wort. Eleng 580 Leit waren duerch Rout gefuer a 480 waren der ze séier ënnerwee, 36 vun hinnen hate béid Verstéiss kombinéiert.
De Radar op der Stäreplaz wäert jo och net deen eenzege vu senger Zorte bleiwen, bei der Kierch zu Hollerech wäert och een installéiert ginn.