An Tëschenzäit gëtt ëmmer méi op elektresch gesat an déi néideg Infrastrukturen installéiert. Och zu Lëtzebuerg wëll een dem Vakanzentrafic vun der Zukunft entgéintwierken. Dat och op den Autobunnstankstellen.
Jidderee kennt en – den traditionelle Stau fir an d’Vakanz. Lues awer sécher gesäit een och méi voll-elektresch Autoen um Wee fir en Tapéitewiessel.
Simeon Hagspiel, Kommissär Energieministère: „Mir hunn an de leschte Joren a Méint gesinn, datt d’Elektromobilitéit ëmmer méi u Wichtegkeet gewënnt an ëmmer méi e-Autoen op der Strooss fueren. Natierlech spigelt sech dat och op der Air de Service erëm.“
Op den Autobunnstankstellen op de groussen Achse gëtt sech preparéiert. Hei krut d’Creos vun ëffentlecher Säit den Optrag, 36 Super-Chargy-Statiounen (mat enger Capacitéit vun 320kW) ze bauen. Tëscht November dëst Joer an 2023 ginn dës op. Den Depart maachen d’Aire de Berchem an d’Aire de Capellen am November, allkéiers a Richtung Ausland.
„Den Ament gesi mer, datt de Chargy-System ganz gutt ausgeluecht ass. D’Consommatioun klëmmt, deementspriechend ass et wichteg, datt de System ausgebaut gëtt wéi geplangt. Dobäi sollen och nach Projete vu Privatentwéckler dobäikommen. Fir der Nofro, déi klëmmt, nozekommen.“
Aktuell schafft den Energieminister un engem Projet de Loi, dee privat Entreprisen, ewéi och Tankstellen et erméiglecht, Subside fir den Ausbau vu Bornen op dem Territoire ze installéieren.
Anescht wier et och guer net méiglech, esou vill Tankstelle-Bedreiwer.
Den Eric Bleyer, Direkter Mobility & New Energies bei Total: „Wann den Autosmarché beim Elektro sech esou wäert entwéckelen, wéi dacks gesot gëtt, da gëtt et ganz komplizéiert. Et muss ee bedenken, eleng hei op der Aire de Waasserbëlleg passéieren zu Spëtzendeeg e puer dausend Clienten den Dag. Mat 6 Bornë komme mer do schlecht hin.“
Och käschtentechnesch géif et sech déi nächst Zäit soss net lounen.
De Romain Hoffmann, Administrateur délégué bei Aral: „Et ass mat deem aktuelle Fuerpark un elektreschen Autoen, den Ament nach kee Geld ze verdéngen. Et ass also schwéier, elo grouss Investitiounen ze maachen. Déi puer Bornen, déi de Staat elo opriicht, wäerte sécherlech net duergoen, wann déi Politik, datt d’Elektromobil muss kommen, duerchgezu gëtt.“6 Bornë pro Tankstell heeschen – theoretesch - 288 Chargen den Dag. Auswäichméiglechkeete ginn och iwwer Land installéiert.
De Marc Reiffers, Chef Creos: „Wann een am Globale kuckt, da riichte mer 88 Super-Chargy-Statiounen uechter d’Land op. Dat ass op Tankstellen, mee och op Parkingen ewéi hei zu Jonglënster. Se kommen och op déi groussen Achsen am Norden a Süden. Am Schnëtt kascht esou eng Statioun 150.000 Euro.“
Dat mat enger Liewensdauer vun 10 bis 12 Joer. Mat enger gréisserer Präis-Hausse un der Borne fir d’Installatiounen ze bezuelen, rechent een awer net.
„Iwwert d’Jore gekuckt, geet d’Consomatioun op deene Bornen erop. Sou datt mir dovunner ausginn, datt de finanziellen Impakt net besonnesch grouss gëtt.“
Mam Elektroauto an d’Vakanz. Deemnächst also och iwwert d’Autobunn zu Lëtzebuerg.