Infrastruktur a SécherheetASBL ProVelo wënscht sech, datt de Vëlo nees méi een héije Stellewäert kritt

RTL Lëtzebuerg
Och wann an de leschte Joren net esou vill Projeten ëmgesat goufe wéi geplangt, weist sech d’ASBL weiderhin zefridden.
© AFP (Archiv)

Egal ob klenge Vëloswee am Norde vum Land oder grouss Projete fir zukünfteg Vëlosweeër. D’ASBL ProVelo ass frou mat all Initiativ, déi geholl gëtt, datt d’Leit besser a méi sécher op de Vëlo klammen.

ASBL ProVelo: Méi een héije Stellewäert fir de Vëlo / Rep. Lisa Weisgerber

Zu Lëtzebuerg sinn 3 Express-Vëlosweeër geplangt, déi grouss Stied wéi zum Beispill Beetebuerg an d’Stad solle matenee verbannen. Méi breet, méi direkt an ouni ze vill topologesch Hindernisser. Fir dës Vëlosweeër muss, wat d’Planung betrëfft, méi grouss geduecht ginn, fënnt d’ASBL ProVelo. D’Prioritéit op der Strooss ass een anere wichtege Punkt fir dës Express-Weeër, esou de Philipe Herkrath, Vizepresident vu ProVelo.

“Dat ass eppes, wat een effektiv am Ausland gesäit, dass do oft Vëlosexpressweeër Prioritéit hunn, u Kräizunge mat méi klenge Stroossen. Dat ass dat, wat mir eis och hei géinge wënschen.”

D’Sécherheet vun de Vëlosfuerer ass een anere wichtegen Aspekt fir d’Leit vu ProVelo. Den “Traffic Mixted”, d’Weeër wou Vëlo a Foussgänger sech d’Pist mussen deelen, gouf an de leschte Joren ëm 15 Kilometer reduzéiert. Mee Vëlo an Auto musse ProVelo no och esou vill wéi méiglech getrennt ginn.

“De Stroosseraum nei opdeelen, kucken en vue vun där Mobilitéit, déi mir wëllen hunn, musse mer net op verschiddene Plazen emol eng Autosspuer forthuelen a stattdessen e bidirektionale Vëloswee dohinner maachen, deen dann am beschten och op engem méi héijen Niveau ass oder, dat ass eppes wat een am Ausland mëttlerweil ganz vill gesäit, ofgeséchert ass duerch Polleren, duerch Blummebacken oder iergendeppes wat einfach net erlaabt, datt d’Autoen drop parken, drop fueren.”

Och bei der ASBL ProVelo sinn d’Walen dëst Joer een Thema, dofir hu si e Revendicatiounsprogramm ausgeschafft. Et gëtt awer een Haaptpunkt, deen d’ASBL gären op de verschiddene Walprogrammer erëm wéilt gesinn, esou de Philipe Herkrath. An dat ass, datt de Vëlo nees méi een héije Stellewäert kritt. Donieft wënscht ee sech och déi néideg Mëttel, fir datt déi national Reseauen ausgebaut ginn an dat Ganzt och méi séier viru geet.

Och wann an de leschte Jore manner Vëlosweeër gebaut goufe wéi geplangt, gesäit d’ASBL ProVelo awer Fortschrëtter wat d’Kommunikatioun tëscht de verschiddenen Acteure betrëfft. Dëst léist d’Leit vu ProVelo hoffen, dass den Ausbau vum Vëlosreseau zu Lëtzebuerg an den nächste Jore méi séier viru geet.

Back to Top
CIM LOGO