Automag vum 6. Februar 2023Autofestival 2023 - Dem Paul Origer seng Highlights

Paul Origer
Zenter dem leschte Weekend ass en eriwwer, den Autofestival 2023. Zäit fir also am Automag e klenge Réckbléck op d’Highlights ze maachen.
© Paul Origer

De Paul Origer, dee sech och intensiv mam Festivalsdossier op rtl.lu beschäftegt hat, huet ee klenge Bilan gezunn.

Automag: Festival-Highlights 2023

Wéi fält dann däi Bilan fir 2023 aus?

Ech muss soen, esou wéi et och beim Schreiwe vum Dossier opgefall ass, et war vun den Nouvellen hir gesinn ee relativ rouege Festival. Soss haten alt eng hallef Dose Marken um Festival grouss Premièren oder wéinstens Avant-Premièren, sief et ëffentlech fir jiddereen ausgestallt oder streng geheim an enger Blackbox. Oder deen een oder anere Concessionnaire hat als Publikumsmagnéit ee Concept Car, e Rennwon oder soss en exklusiivt Gefier am Showroom. Ma nee, et huet sech an dëser Hisiicht 2023 relativ wéineg gedoen. Beispill Hyundai; den Ioniq 6 stoung, wann och nëmmen een Auto aus der Présérie, zu Bréissel um Salon – zu Lëtzebuerg goufen d’Vendeure bestëmmt mat Froen no dësem Auto geneelt, en hat et awer net vu Bréissel erof bei eis gepackt.

E puer Ausname goufen et awer?

Jo, dach. Beispill Mercedes. Direkt zwou Première goufen et, dorënner eng, déi offiziell eréischt am Fréijoer soll bei eis kommen: d’SUV-Versioune vum EQS an EQE. Dann och ee klengen oder awer éischter grousse Bonbon a Form vun enger Maybach Spezial-Editioun vum Designer Virgil Abloh.

De Mercedes EQE SUV op der Weltpremière zu Paräis
De Mercedes EQE SUV op der Weltpremière zu Paräis
© Rich Simon

Et hu sech Marken och d’Méi gemaach, d’Autoen tëscht deenen eenzele Concessionnairen hin an hir ze kutschéieren, wéi bei Ford, wou den neie Bronco, den e-Transit an de Ranger iwwerall am Land hiren Optrëtt haten.

Aussergewéinlech war och d’Type R-Versioun vum neien Honda Civic, déi et relativ kuerz no der méi braver Versioun ze gesi gouf. A wa mer grad bei de méi sportleche Modeller sinn, d’BMW M GmbH huet jo hire 50. Gebuertsdag gefeiert an eis, a Form vum 3.0 CSL, de Kaddo fir de Festival bruecht.

Et gouf awer och u Fans vun alen a wäertvolle Klassiker geduecht; esou stoung bei Lamborghini een Exponat vum alleréischte Countach.

Wat fir eng Modeller hues du da vun dësem Festival besonnesch an Erënnerung behalen?

Meeschtens sinn dat déi Autoen, op déi ee jo scho virdrun virwëtzeg ass. Oder awer déi, déi ech schonn duerft op enger Presentatioun fueren a schonn do hiren Androck hannerlooss hunn. Een dovunner ass sécherlech den elegante Peugeot 408, dee weist, datt Autoen awer och nach mat Emotioune kaf ginn.

Dat selwecht gëllt fir den Aston Martin Vantage V12, dee warscheinlech ee vun deene leschte vu senger Aart wäert bleiwen.

Interessant, muss ech soen, fannen ech den neie Ford Bronco, e bëssen den Ausserierdeschen an der aktueller Zäit.

Ford Bronco
Ford Bronco
© Ketty a Rom Hankes

Grad ewéi och de Ranger-Zwilling VW Amarok. De richtege Coup de Coeur ass awer iergendwéi ausbliwwen, warscheinlech och wëll der vill onerreechbar deier sinn.

Mee fir nach emol op de Buedem zeréckzekommen: bezuelbar a prett fir d’Zukunft, gouf do eppes gebueden?

Dat schonn, vill Marke sinn nei an d’Elektrosegment erakomm respektiv hunn interessant Nouvelle presentéiert. Beispill Abarth mat der Sportsversioun vum Fiat 500e, awer och Jeep déi sech mam Avenger an d’Elektro-Neiland trauen. Dann huet och elo den Hybrid-Pionéier Toyota mam bZ4x deen éischte Stromer am Programm, bei Subaru heescht den Zwilling Solterra.

Toyota bZ4X
Toyota bZ4X
© Ketty a Rom Hankes

Opel huet um Festival den elektreschen Astra gewisen an déi nei opgeluechte Mark MG mam 4 eng interessant a virun allem präiswäert Alternativ an der Kompaktklass virgestallt.

VW ID.Buzz
VW ID.Buzz
© Andy Brücker

E bësse gouf awer och op Sympathie gesat; sécherlech ass do den neien ID.Buzz ee Kandidat, mee virun allem den neie Citroën Ami. Am Ausland gouf et e schonn, mee elo ass deen absolut minimalistesche Weenchen och bei eis ze kréien. Mol gespaant, wéi dacks mer en op der Strooss gesinn.

A weiderhi kënnt der de Festivalsdossier op rtl.lu besichen, hei fannt der och nom Autofestival interessant Informatioune ronderëm nei Autoen zu Lëtzebuerg.

Den Autofestival-Dossier op RTL.lu

Back to Top
CIM LOGO