Zu Manternach a MäertertAutofräie Sonndeg - En Dram fir Cyclisten a Foussgänger

Tim Morizet
Op Initiativ vun de Gemengen an dem Naturschutz-Zentrum gouf am Kontext vum Autofräie Sonndeg d'Haaptstrooss tëscht béiden Dierfer fir Autoe gespaart.
Autofräie Sonndeg - En Dram fir Cyclisten a Foussgänger
Op Initiativ vun de Gemenge Manternach a Mäertert an dem Naturschutz-Zentrum gouf d’Haaptstrooss tëscht béiden Dierfer fir Autoe gespaart.

Den Autofräie Sonndeg gëtt zanter den 2000er ëmmer méi populär. De groussen Dram vu ville Foussgänger a Cyclisten… 5 Kilometer tëscht Manternach a Mäertert, op deenen et net u Charme feelt. Herrlech Natur, propper Loft a genuch Beweegung stoungen e Sonndeg um Programm.

“Ech mengen, mir hunn hei e ganz flotte Wee: Natur puer – d’Manternacher Traumschleife louch haut och um Parcours an hei hu mer järlech iwwer 10.000 Wanderer, déi dee Wee trëppelen. An dat elo ouni Autoen op der ganzer Stréck ze maachen, ass natierlech intressant fir d’Leit”, fënnt de Jempi Hoffmann, Buergermeeschter vu Manternach.

Eng Rëtsch Leit hunn trotz den héije Temperature vum Schied ënnert de Beem profitéiert. D’Organisateuren hate sech vill Méi gemaach... Quizzer mat Präisser, et goufe Geschichte ronderëm d’Naturschutzgebitt Manternacher Fiels, an de Leederwon, deen op eng “Kutschfaart” invitéiert.

“Mir haten eis am Virfeld bei de Leit informéiert an déi waren zimmlech begeeschtert. Dat wier eng super Iddie. Et ass immens gutt ukomm. D’Resonanz ass grouss. Et si vill Leit hei, net nëmme Lokaler, mee och vun iwwerall. Et ass just Schued, datt den Zuch net gefuer ass. Soss wiere warscheinlech nach eng Rëtsch méi Leit hei gewiescht”, erkläert de Luss Bechtold aus dem Schäfferot vu Mäertert.

Et ass den Drang no “raus” – den “eraus” an d’Natur, dee generell u Popularitéit wënnt. Eleng bis Mee goufen 31.000 Demandë fir Subside fir den Neikaf vun engem Vëlo, respektiv Elektrovëlo accordéiert. Eng gutt 30.000 waarden nach op den Accord. Och no Pandemie a Lockdown spiert een dat an de Vëlosgeschäfter.

“Et si vill Leit, déi mëttlerweil vill mam Vëlo op d’Aarbecht fueren. Da kënnt dobäi, datt vill nei Leit d’Freed um Vëlo fonnt hunn: besonnesch duerch den E-Bike, well et de Leit vill méi einfach mécht vun A op B ze kommen an dat mécht besonnesch op engem Sonndeg Freed”, sot de Benoît Theisen, Vëloverkeefer.

Sief et mam Mountainbike, Coursevëlo – oder och einfach ze Fouss – och d’nächst Joer soll d’Stréck tëscht Manternach a Mäertert nees fir de Verkéier gespaart ginn a ganz der Natur iwwerlooss ginn.

© Visit Moselle

Back to Top
CIM LOGO