UngarnAutomobiliste mat auslännescher Plack musse vun elo u méi fir de Sprit bezuelen

RTL Lëtzebuerg
Zanter dësem Freideg muss een an Ungarn an der Moyenne 40% méi fir 1 Liter Sprit bezuelen, wann een net mat engem Auto fiert, deen an Ungarn ugemellt ass.

An Ungarn gëllen zanter dësem Freideg ënnerschiddlech Spritpräisser fir Ungarn an Auslänner. Wann ee vu baussen an Ungarn tanke fiert, muss een däitlech méi bezuelen an zwar de Marchéspräis, deen eng 40% iwwert dem gedeckelte Präis läit, deen d’Regierung vum Victor Orban fir hir Bierger fixéiert huet.

Déi gedeckelt Spritpräisser an Ungarn gëllen elo mol virleefeg bis den 1. Juli.

No der Annonce, datt fir Gefierer mat auslännesche Placken net méi déi selwecht Konditioune gëllen, hu sech en Donneschdeg den Owend laang Schlaangen un der Grenz zu den EU-Noperen Éisträich a Slowakei forméiert, well d’Leit nach vun de méi bëllege Präisser profitéiere wollten.

Back to Top
CIM LOGO