AutomobilsecteurAutopolis iwwerhëlt en Deel vun den Aktivitéite vun Autodis

Andy Brücker
Autopolis gehéiert zum Van Mossel Automotive Group a baut seng Presenz zu Lëtzebuerg weider aus a kritt elo och en éischte Standpunkt am Süde vum Land.
Alicia Graas (Directrice Wholesales Autodis), Marco Graas (CEO Autodis), Koen Claesen (CEO Van Mossel Belux) a Marc Devillet (CEO Autopolis)
Alicia Graas (Directrice Wholesales Autodis), Marco Graas (CEO Autodis), Koen Claesen (CEO Van Mossel Belux) a Marc Devillet (CEO Autopolis)

Esou war et d’lescht Woch d’Informatioun, dass Autopolis elo och d’Aktivitéite vu Hyundai, Isuzu, SsangYong a Suzuki iwwerhëlt, déi bis elo ënnert der Gérance vun Autodis zu Esch stoungen.

Duerch d’Iwwernam vun dëse Marken, ass Autopolis elo den exklusive Concessionnaire fir d’Marken Hyundai, SsangYong a Suzuki zu Lëtzebuerg.

Sou soll den neie Site vun Autopolis zu Esch an Zukunft ausgesinn.
Sou soll den neie Site vun Autopolis zu Esch an Zukunft ausgesinn.

Am Communiqué ass ze liesen, dass duerch d’Reprise keng Entloossunge geplangt sinn. Alles an allem kënnt een elo op 340 Salariéen.

Um neie Standuert zu Esch wäert een en Occasiounszenter installéieren, fir och am Süde vum Land en Deel vum Stock vun den Autoen ubidden ze kënnen, dee sech op 400 Gefierer beleeft, verdeelt op 3 Sitten. De komplette Service-Client bleift awer erhalen, deemno kënnen och zu Esch all déi üblech Aarbechten un den Autoen duerchgefouert ginn.

An Zukunft soll et och méiglech si säin Auto egal zu wéi enger Auerzäit recuperéieren ze kënnen, 24/24h a 7 Deeg op 7, dat via de Service Key & Go.

Autodis mécht weider

De Site zu Esch ass an zwee gedeelt. Op der enger Säit iwwerhëlt wéi gesot Autopolis elo déi 4 ugeschwate Marken, an op der anerer Säit bleift Autodis awer weiderhi present, dat mat de Marke Subaru an Honda. Och de Site zu Miersch bleift bestoen.

Nei ass dann, dass d’Thema Honda-Motorrieder zu Esch wäert grouss geschriwwe ginn. Hei gëtt en “Dream Dealer"-Site installéiert, ee vu just 3 an Europa, wéi de Marco Graas, CEO vun Autodis eis op Nofro hi bestätegt huet.

Och eng grouss Expo fir Occasiounsautoe kënnt op Esch.

Wéi et mat der Mark Borgward viru geet, ass aktuell net gewosst. D’Autosmark huet rezent Insolvenz a China ugemellt. De Marco Graas geet dovun aus, dass d’Mark duerno nees vum fréiere Proprietär wäert iwwerholl ginn. Aktuell wieren nach keng Leit entlooss ginn an d’Paie ginn och zur Zäit nach weiderbezuelt.

Back to Top
CIM LOGO