Konferenz ULCAutos-Assurancen dierfte geschwënn e Krack méi deier ginn

Pit Everling
"Eng Schréips, eng Téitsch oder en Totalschued"! Déi gréng respektiv wäiss Kaart ass eent vun de wichtegsten Dokumenter an der Händsche-Këscht vum Auto.
© RTL Archiv

De Konsumenteschutz huet en Dënschdeg zesumme mat engem Expert aus der Branche iwwer d’Autos-Assurancen informéiert. Déi manner gutt Nouvelle ass déi, datt d’Tariffer geschwënn dierften erop goen. De Pit Everling war d’Konferenz lauschteren.

Tariffer vun den Autosassurancen / Reportage Pit Everling

Déi generell Inflatioun dreift d’allgemeng Käschte vun de Versécherungen an d’Luucht. D’Compagnië mussen am Grand-Duché hire Salariéen och d’Indextranchen ausbezuelen.Datt d’Tariffer vun den Autos-Assurancen Ugangs 2023 am zweestellege Beräich dierften erop goen, huet awer nach aner Ursaachen. “D’Hausse vun den Tariffer ass d’Repercussioun vun der Augmentatioun vum Coût des sinistres. Deen ass elo an engem Tëschebilan schonn op 20% gesat ginn. Derbäi kënnt eng Diminutioun vun de Reserven”, erkläert de Raymond Lang, Chef vun Insurnext.

Och wann déidlech Accidenter zeréck gaange sinn, goufen et an der Lescht am Stroosseverkéier vill Accidenter mat schwéier Blesséierten, wat enorm Käschte fir d’Assurancë bedeit, sou den Assurancen-Expert.

De Raymond Lang dee fir d’ULC Analyse gemaach huet, huet bei senger Presentatioun e generellen Abléck an den Autos-Assurancë-Business ginn. Et goung ëm d’Gesetzgebung, de Verglach mam Ausland, Leeschtungen, méiglech Recoursen, de Bonus/Malus-System, natierlech ëm d’Tariffer an ëm d’Fro: Wat kann de Konsument maachen, fir deen Tarif ze drécken? E soll onbedéngt vergläichen, sou de Raymond Lang an... diskutéieren.

“De Client soll méi negociéieren. ‘Wéineg Kilometer, ech wëll déi dote Garantie net, ech huele mol eng Franchise.’ Dass e gesäit, ech ka mäi Coût reduzéieren a wann en dann 2-300€ manner huet, dann huet en dat erreecht.”

Dernieft kann een als Konsument kucken, fir am Kader vu Packagen, zum Beispill zesumme mat der Assurance vum Logement, Suen anzespueren.

Den Autosmaart evoluéiert den Ament staark. Bis ewell ass et verhältnesméisseg gënschteg fir Elektroween ze assuréieren. Vill Compagnië géingen extra Offere maachen, sou de Raymond Lang. An Zukunft dierften awer och an deem Beräich d’Tariffer unzéien

Back to Top
CIM LOGO